SNR G1.9+0.3 ass dee jéngste bekannte Supernovarescht an der Mëllechstrooss. De Rescht gouf duerch Kombinéiere vun Donnéeën aus dem Chandra Röntgenteleskop vun der NASA an dem Very Large Array Radioteleskop entdeckt. Et geet een dovun aus, datt virun 140 Joren d'Stralung vun der Stärenexplosioun eis Äerd erreecht hat. Duerch d'Distanz vu 25.000 Liichtjoer war d'Explosioun allerdéngs viru ronn 25.000 Joer. Virun dëser Entdeckung war Cassiopeia A mat engem Alter vun zirka 330 Joer dee jéngste bekannte Supernovarescht.

SNR G1.9+0.3
Foto, opgeholl vum Chandra-Weltraumteleskop
Foto, opgeholl vum Chandra-Weltraumteleskop
Observatiounsdaten
EquinoxeJ2000.0, Epoch: J2000.0
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Rektaszensioun 17h 48m 45s
Deklinatioun - 27° 10’ 00”
Distanz 25.000 Lj

Entdeckung änneren

SNR G1.9+0.3 läit ronn 25.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech a gouf 1985 fir d'éischt als staark Radioquell an eiser Galaxis vun Astronome mam VLA entdeckt. Am Joer 2007 goufe mam Chandra Röntgenteleskop Biller vum Supernovarescht gemaach a mat deene vun 1985 verglach. De Gréisstenënnerscheed hat et den Astronome méiglech gemaach, den Zäitpunkt vun der Supernovaexplosioun (zirka 1868, relativ zu der Äerdzäit) ze ermëttelen. Observatioune mam VLA am Joer 2008 hu gewisen, datt sech SNR G1.9+0.3 mat enger Vitess vu ronn 56 Millioune Kilometer pro Stonn (gutt 5 Prozent vun der Liichtvitess) ausdeent.

Am Ament vun der Explosioun konnt d'Supernova net visuell gesi ginn, well si sech no beim Zentrum vun eiser Galaxis befënnt, a vun Interstellarem Stëbs verdonkelt gëtt. Fir duerch dëse Stëbs duerchzekucken, ass Astronomen eréischt zanter der Radioastronomie an der Röntgenastronomie méiglech.

Publikatioun änneren

D'Entdeckung gouf de 14. Mee 2008 vun der NASA op enger Pressekonferenz publizéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren