D'SNCB-Linn 164 war eng belsch Eisebunnsstreck déi bis zum Enn vun den 60er Joren a Betrib war. D'Streck hat hiren Ufank bei der Gare Baaschtnech-Nord, wou se Uschloss un d'Linn 163 hat. Vun do aus ass se no Oste gelaf, praktesch op der ganzer Längt duerch den Dall vun der Wolz, duerch Neffe, a laanscht Mageret bis op d'belsch-lëtzebuergesch Grenz bei Benonchamps. Vun do aus hat se Uschloss un déi lëtzebuergesch Streck vu Schëmpech op Wolz.

Gebai vun der Linn 164 tëscht Baaschtnech an Neffe laanscht d'N 874

D'Streck war 7.100 Meter laang.

Hautdesdaags féiert iwwer e groussen Deel vun der Streck eng Vëlospist, a vun de Gabaier stinn nach just d'Gare vun Neffe déi als Wunnhaus ëmgebaut gouf, an e Gebai laansch d'Nationale 684. D'Gare vu Benonchamps gouf 1974 ofgerappt.

Zesummegefale Bréck zu Neffe
D'Vëlospiste zu Benonchamps an Direktioun Baaschtnech