E Sënnebock steet bildlech fir eng Persoun oder e Grupp deenen een d'Schold fir Feeler, Onglécker oder Konflikter duerdréckt. Ob en tatsächlech dru Schold ass spillt keng Roll.

The Scapegoat (De Sënnebock), Tableau vum William Holman Hunt

Originn änneren

De Begrëff vum Sënnebock kënnt aus der Bibel (Lev. 16.1–28). Do geet rieds, wéi op Jom Kippur, deem Dag am Juddentum, wou d'Sënne verzie ginn, en Ieweschte Priister d'Sënne vum Vollek Israel bekannt gemaach huet a se duerch Handopleeë symbolesch op e Geessebock iwwerdroen huet. Dëse gouf dann an d'Wüst gejot, a mat him d'Sënnen. Änlech Ritualer sinn aus Mesopotamien an Anatolien bekannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Sënnebéck – Biller, Videoen oder Audiodateien