Haaptmenü opmaachen
Phylactolaemata
Séisswaassermoosdéiercher
Séisswaassermoosdéiercher
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Ectoprocta (Bryozoa)
Klass: Phylactolaemata
Wëssenschaftlechen Numm
Phylactolaemata


D'Séisswaassermoosdéiercher bilden eng Klass vun de Moosdéierchen (Ectoprocta oder Bryozoa), déi am Géigesaz zu allen anere Klasse vun dësem Déierestamm ausschléisslech am Séisswaasser (limnesch) virkënnt. Dës Klass, déi an der Systematik als Phylactolaemata genannt gëtt, huet just eng eenzeg Uerdnung, d'Plumatellida, mat fënnef Familljen.

D'Phylactolaemata ginn heiansdo och Lophopoda genannt.

Inhaltsverzeechnes

BauÄnneren

D'Séisswaassermoosdéiercher fënnt ee meeschtens a Gewässer, déi stinn, sief et als en Iwwerzuch op Steng, un der ënneschter Säit vu Séi- an Deechrouseblieder oder un Äscht, déi an d'Waasser hänken. Vun den iwwer 5000 rezenten Bryozoa-Aarten, déi bekannt sinn, gehéieren der just 74 zu de Séisswaassermoosdéiercher. Dovu sinn der erëm just eng 19-20 an Europa doheem. Déi neist Aarten, déi an Europa (Italien) entdeckt goufen, sinn: Plumatella vaihiriae, bis dohi just aus Tahiti, Hawaii, Nordamerika, Argentinien an Thailand bekannt, a Plumatella viganoi.[1]

D'Zooecië bestinn net, wéi bei de marine Moosdéiercher, aus Kallek, mee aus Chitin, dee verschidde Konsistenze kann hunn. Doduerch kënnen d'Kolonië gellisaarteg oder kuuschtenaarteg Iwwerzich bilden, heiansdo sinn och verzweigte Formen ze fannen. Bei eenzelen Aarte kënnen d'Kolonië bis zu iwwer 1 kg schwéier Kluddere bilden. D'Séisswaassermoosdéiercher sinn un de Wiessel vun de Joreszäiten ugepasst, andeems s'am Hierscht Dauerstadien (Statoblasten) bilden, fir z'iwwerwanteren.

SystematikÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Geimer, G. & J.A. Massard (1986): Les Bryozoaires du Grand-Duché de Luxembourg et des régions limitrophes. (PDF; 9,5 MB) Travaux Scientifiques du Musée d’Histoire Naturelle de Luxembourg, 7: 1–187.
  • Lacourt, A.W. (1968): A Monograph of the Freshwater Bryozoa: Phylactolaemata. Zoologische Verhandelingen, 93: 1–159.
  • Massard, J.A. & G. Geimer (2008): Global Diversity of Bryozoans (Bryozoa or Ectoprocta) in Freshwater: An Update. (PDF-Datei; 256 kB) Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 109: 139–148.
  • Wesenberg-Lund, C. (1939): Biologie der Süsswassertiere. Wirbellose Tiere. Wien, J. Springer, 817 S. (reprint 1982, Vlg. J. Cramer, Braunschweig u. Vlg. O. Koeltz, Koenigstein). (Bryozoa: 369–394).
  • Wiebach, F. (1960): Bryozoa. In: P. Brohmer et al. (Hrsg.): Die Tierwelt Mitteleuropas, 1(8), Leipzig: 1–56, Tfl. 1–19.
  • Wood, T.S. & B. Okamura (2005): A New Key to the Freshwater Bryozoans of Britain, Ireland and Continental Europe, with Notes on Their Ecology. Freshwater Biological Association Scientific Publication, 63: 1–113.
  • Wöss, E. (2005): Moostiere (Bryozoa). Denisia 16: 1–369 (Kataloge der Oberösterreichischen Landesmuseen, N.S. 28).

Um SpaweckÄnneren

Commons: Séisswaassermoosdéiercher – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Taticchi, M.I., G. Pieroni & A.C. Elia (2008): First finding of Plumatella vaihiriae (Hastings, 1929) (Bryozoa, Phylactolaemata) in Europe. Italian Journal of Zoology, 75(4): 411–416.
    Taticchi, M.I. (2010): Plumatella viganoi, a new freshwater bryozoan species (Phylactolaemata) from Lake Trasimeno (Umbria, Italy). Italian Journal of Zoology, 77(3): 316 - 322.
  2. Kuckt: M. Hirose, M.H. Dick & S.F. Matawari: Molecular Phylogenetic Analysis of Phylactolaemate Bryozoans Based on Mitochondrial Gene Sequences. In: Bryozoan Studies 2007 (Hrsg. von S.J. Hageman, M.M. Key, J.E. Winston). Virginia Museum of Natural History Special Publication Number 15, Martinsville, Virginia 2008: 65–74. Siehe auch: Massard & Geimer 2008, S. 140 f, Tab. 1, Anmerkung g. (PDF; 256 kB)