De Ryūnosuke Akutagawa (芥川龍之介 Akutagawa Ryūnosuke, gebuer den 1. Mäerz 1892 zu Tokyo, an do gestuerwen de 24. Juli 1927 ass e japaneschen Dichter a Schrëftsteller. No him ass de wichtegste japanesche Literaturpräis, den Akutagawa-Präis genannt.

Ryūnosuke Akutagawa
Gebuertsnumm 新原 龍之介
Pseudonym 我鬼, 柳川 隆之助
Gebuer 1. Mäerz 1892
Tokio
Gestuerwen 24. Juli 1927
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Journalist, Literaturkritiker, Dichter, Novellist
Famill
Bestuet mat Fumi Akutagawa

Liewen änneren

De Ryūnosuke koum als Bouf vum Mëllechmann Toshizoo Makino zu Tokyo op d'Welt. Well seng Mamm kuerz no senger Gebuert krank gouf, koum hie bei säi Monni. Deen huet de Ryūnosuke adoptéiert an huet him säi Familljennumm ginn. Den Akutagawa studéiert englesch Literatur op der Tokyo Universitéit, tëscht 1912 an 1916 a schonn an deene Jore publizéiert hien éischt Texter. Säin Ënnerhalt huet hien als Engleschprofesser verdéngt a spéider als Journalist fir d'Zeitung Ōsaka Mainichi. Hien huet sech an d'Yayoi Yoshida verléift, mä d'Famill huet déi Verbindung refuséiert, a sou koum et zu kengem Bestietnes. Hien huet sech 1918 mat der Fumi Tsukamoto bestuet, mat där en dräi Kanner krut: Hiroshi (1920), Takashi (1922) a Yasushi (1925).

Vun 1919 u goung et dem Akutagawa gesondheetlech ëmmer méi schlecht. Hien hat Halluzinatiounen an Angschtzoustänn an huet gefaart, datt et him sollt ergoe wéi senger Mamm, déi geckeg gi war. 1927 huet e sech mat Schloftabletten ëmbruecht.

Als Auteur änneren

Den Akutagawa huet souwuel déi japanesch a chineesesch wéi déi europäesch Literatur kannt. Hie gouf vun Auteure wéi Edgar Allan Poe, Charles Baudelaire, Oscar Wilde, Mori Ōgai a Natsume Sōseki beaflosst.

An der japanescher Literatur gëtt hien als e wichtege Vertrieder vun der sougenannter Intellektueller Schoul consideréiert. Déi wollt nei Weeër goen, a sech zum enge vum reng objektive Beschreiwe vum Naturalismus ofsetzen, an zum anere sech och vun der neoromantescher méi gefillsbetounter Literatur distanzéieren.

Dacks huet den Akutagawa Geschichten aus de japanesche Seeërcher oder Märercher opgegraff, an dacks huet och de psychologeschen Hannergrond eng wichteg Roll gespillt. Dat mécht seng Geschichten och fir haiteg Lieser interessant.

Den Akutagawa huet keen eenzege Roman geschriwwen, awer méi wéi 150 Kuerzgeschichten, Erzielungen an Novellen. No him ass den Akutagawa-Präis genannt, de wichtegste japanesche Literaturpräis, deen 1935 an d'Liewe geruff gouf.

Wierker (Auswiel) änneren

Joer Originaltitel Lëtzebuergesch
1915 Rashōmon 羅生門 d'Rashō-Paart
1916 Hana D'Nues
1918 Kumo no ito 蜘蛛の糸 Der Spann hire Fuedem
1920 Aki Den Hierscht
1922 Yabu no Naka 藪の中 Am Bësch
1927 Kappa 河童 Kappa, d'Flossmonster

Film änneren

1954 huet de japanesche Regisseur Akira Kurosawa ënner dem Titel Rashōmon, zwou Geschichte vum Akutagawa verfilmt. Nieft der Geschicht mam selwechten Numm huet de Kurosawa nach Elementer aus Yabu no naka afléisse gelooss. Dëst Wierk huet als éischte japanesche Film 1951 de Gëllene Léiw vu Venedeg gewonnen. Donieft huet och de Verband vun den italieenesche Kritiker de Kurosawa mat engem Präis belount. An Amerika krut dem Kurosawa seng Verfilmung 1952 en Éierenoscar als beschten auslännesche Film, deen am Joer 1951 an den amerikanesche Kinoe gewise gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Ryūnosuke Akutagawa – Biller, Videoen oder Audiodateien