De Russell Williams Porter, gebuer den 13. Dezember 1871 zu Springfield am Vermont a gestuerwen den 22. Februar 1949 war en US-amerikanesche Polarfuerscher, Kënschtler an Amateurastronom.

Russell W. Porter
Gebuer 13. Dezember 1871
Springfield
Gestuerwen 22. Februar 1949
Pasadena
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Moler, Explorateur, Ingenieur

Hie gëtt dacks als de Grënner vum Amateur-Teleskopebau genannt. Hien hat ë. a. am Joer 1926 d'Vereenegung vun den Amateur Telescope Maker zu Springfield am US-Bundesstaat Vermont gegrënnt.

Nodeems hie scho vill Amateurteleskope konzipéiert hat, gouf de Russell W. Porter gefrot fir beim Design vum 200-Zoll-Teleskop fir de Mount-Palomar-Observatoire matzehëllefen. Spéider huet hien och um Plang vum Griffith Observatoire als Beroder fir d'Architektenteam matgeschafft.

De Moundkrater Porter gouf no him genannt. Ausserdeem gouf och der Marskrater Porter no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren