Ruisseau de Lembais

Baach an der Belsch

De Ruisseau de Lembais och nach Lambais geschriwwen, grad sou wéi de Flouer Lambais wou d'Baach an den Train leeft, ass eng kleng Baach am wallounesche Brabant op der Grenz vun de Gemenge Grez-Doiceau an Archennes.

Si huet hir Quell nërdlech vu Gottechain op enger Héicht vu 50 Meter, an no engem Laf vun 2.590 Meter leeft se zu Grez-Doiceau op enger Héicht vun ongeféier 42 Meter an den Train.

Am Laf vun der Zäit huet d'Baach e puermol den Numm geännert. 1330 gëtt se als Hinbais ernimmt, 1470 als Hymbaise.[1]

Op Wallounesch heescht d'Baach Limbây.

Referenzen änneren

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles vum Jean-Jacques Jespers