De Rubik's Cube, och alt Zauberwierfel genannt, ass e Gedoldsspill, dat vum ungaresche Bauingenieur an Architekt Ernő Rubik erfonnt gouf, an ufanks vun den 1980er Jore wäit doruechter verbreet war.

Dem Rubik säin Zauberwierfel

Beschreiwung änneren

Et ass e Wierfel vu 57,5 mm Säitelängt, deen an der Héicht, der Breet an der Déift an dräi Niveaue gedeelt ass, déi sech duerch eng 90°-Dréiung beweege loossen.

No baussen hi besteet de Cube deemno aus jee 9 Quadraten aus der selwechter Faarf, déi een, eemol verdréint, nees probéiere muss, sou zesummenzebréngen, datt all Säit vum Wierfel déi selwecht Faarf huet.

 
Variante vun Zauberwierfel

Nieft där "klassescher" Variant vun 3x3x3 klenge Cubë gëtt et der och mat hirer 2x2x2, 4x4x4, 5x5x5, 6x6x6 a 7x7x7. Et gëtt der och an an anere Formen, wéi enger Pyramid, enger Tonn, asw.

Um Spaweck änneren

Beschreiwunge vu Léisungen


Commons: Rubik's cube – Biller, Videoen oder Audiodateien