Rubí (Televisiounsserie)

Rubí ass eng mexikanesch Telenovela, déi vum José Alberto Castro 2004 fir Televisa produzéiert gouf.

Rubí
Serie
Produktiounsland Mexiko
Dauer 60
Originalsprooch Spuenesch
Follgen 115
Éischt Folleg 2004
Staffelen 1
Episoden 115
Ekipp
Iddi Yolanda Vargas Dulché
Produzent José Alberto Castro
Produktiouns-
gesellschaft
Televisa
Distributioun Televisa
Schauspiller
Bárbara Mori

D'Serie gouf an Däitschland op RTL Passion am Pay-TV an op RTL (Däitschland) am Free-TV diffuséiert.

Handlung änneren

D'Rubí ass e schéint Meedchen, dat bei senger Mamm Raphaëlle a senger Schwëster Christina lieft. Seng Mamm ass eng zeréckhalend, fläisseg an traditionell Fra, an hiren eenzege Wonsch ass et ze gesinn datt hir Kanner en einfacht a rouegt Liewe féieren. Si huet hir zwee Meedercher gär, spiert sech awer dem Christina méi no.

D'Rubí gouf a senger Kandheet vu sengem Papp verwinnt an ass et gewinnt, ëmmer dat ze kréien, wat et wëll. Zanter sengem Doud kann d'Rubí déi ugespaant finanziell Situatioun vun der Famill, net méi acceptéieren. Mä seng Mamm a seng Schwëster maachen hiert Bescht, fir him d'Liewe méi liicht ze maachen. D'Christina, dat Dag an Nuecht schafft, ënnerstëtzt d'Famill. Dank dësem Apport kritt d'Rubí eng Bourse, fir säi Studium op enger privater Universitéit weiderzeféieren. Hatt huet elo nëmmen nach een Zil: eng räich a beneit Fra ze ginn.

Op der Universitéit befrënnt d'Rubi sech mam Maribel de la Fuente un, e schéint a virun allem e ganz räicht Meedchen. Hatt huet de Gebrauch vun sengem lénkse Been no engem Autosaccident verluer, bei deem seng Mamm gestuerwen ass. Hatt wunnt bei sengem Papp, Arthur, a senger Gouvernante Paula, déi iwwer hatt waacht, well si dem Rubí mësstraut. D'Maribel ass iwwerzeegt, datt hatt mam Rubí méi wéi eng Frëndin, eng Schwëster, fonnt huet. Hatt gesäit net, datt d'Rubí eng keefllech a berechnent jonk Fra ass.

Wéinst sengr Behënnerung ass d'Maribel e scheit Meedchen, deem et un Selbstvertraue feelt. Hatt léiert e Mann um Internet kennen, den Hector. Den Hector ass ee brillanten, räichen, leidenschaftlechen an talentéierten Architekt. Am Laf vun de Méint si si méi wéi nëmme Frënn ginn.

Den Hector décidéiert, d'Maribel ze treffen, a fiert mat sengem beschte Kolleeg Alejandro Cardenas, engem jonken orthopedesche Chirurg, op Mexiko-Stad. Hien ass e selbstbewossten, decidéierten an intelligente Mann. Tëscht him an dem Rubí ass et Léift op den éischte Bléck. Spéiderhinn gëtt d'Rubí vum Maribel sengem Papp gewuer, datt de Bernard net räich ass, wat net a seng Zukunftspläng passt. D'Rubí entscheet sech, säin Dram vum Räichtum ze verwierklechen, an trennt sech, trotz senge staarke Gefiller, vum Alejandro.

Da verféiert et den Hector, dee sech an der Tëschenzäit mam Maribel verloobt hat. Um Hochzäitsdag léisst den Hector d'Maribel virum Altoer sëtzen a flücht mam Rubí op Cancun. Hatt ka seng Gefiller fir den Alejandro awer net vergiessen.

No e puer Joer kënnt d'Rubi rëm zeréck op Mexiko-Stad. Den Alejandro ass mëttlerweil ee bekannten an unerkannte Chirurg gi mat engem gudde Verdéngscht. D'Rubí versicht hien zeréckzekréien.

Wärend der ganzer Handlung entdecken mir dem Rubi säi Leiden an dat stännegt Hin an Hier tëscht alle Bedeelegten.

Auszeechnungen änneren

  • TVyNovelas Awards 2004, Mexico: 7 Präisser, dorënner "Bescht Telenovela" an déi "Bescht Haaptroll"[1]
  • Les Gérard de la télévision 2006, Frankräich: Nominéierung fir d' "Worst Murder-Inducing Broadcast"[2]
  • TP de oro 2011, Spuenien: Nominatioun fir déi "Bescht Telenovela"[3]

Aner Diffusiounen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Rubí arrasa en los Premios TV y Novelas. (europäescht Spuenesch).
  2. Les Gérard de la télévision (2006).
  3. TP de Oro, Spain (2011).
  4. https://www.eldiario.es/vertele/videos/actualidad/antena-estreno-telenovela-rubi-prime_1_7783758.html
  5. https://www.canarias7.es/hemeroteca/el_final_de_rubi_lleva_a_television_canaria_a_liderar_su_franja-BDCSN99558