De Roy A. Tucker, gebuer am Joer 1951, zu Jackson (Mississippi), USA)[1] ass en amerikaneschen Astronom. Hie gëllt als Entdeckerspezialist vun Asteroiden. Tëscht 1996 an 2006 huet hien 210 Asteroiden identifizéiert a matentdeckt.[2]

Den Tucker ass zu Memphis opgewuess. Zanter 1966 ass hie Member an der Memphis Astronomical Society. Säi Master huet hien op der Universitéit vu Kalifornien zu Santa Barbara gemaach. Am Ament schafft hien als Ingenieur am Imaging Technology Laboratory vun der Universitéit Arizona.

Auszeechnungen an Entdeckungen änneren

  • 2002, war hien ee vu fënnef Wëssenschaftler, déi mam "Gene Shoemaker Near Earth Object Grant" ausgezeechent goufen.
  • Als wuel wichtegst Entdeckung gëllt d'Matentdeckung vum Asteroid (99942) Apophis (virdru besser bekannt ënner senger virleefeger Bezeechnung 2004 MN4) zesumme mam David J. Tholen an dem Fabrizio Bernardi vun der Universitéit Hawaii. Den Asteroid soll den 13. Abrëll 2029 zimmlech no bei eis Äerd kommen.

Literatur änneren

  • Aguirre, Edwin L. 1999. Sentinel of the Sky - Armed with a Modest Telescope and CCD Camera, Tucson Amateur Roy A Tucker Joins the Ranks of Professional Astronomers Who Have Discovered Near-Earth Objects. Sky and Telescope. 97, no. 3: 76.
  • CCD Precision Photometry Workshop, Eric R. Craine, Roy A. Tucker, Jeannette V. Barnes. CCD Precision Photometry Workshop: Proceedings of a Meeting Held at San Diego, California, USA, 6-7, June 1998. Astronomical Society of the Pacific conference series, v. 189. San Francisco, Calif: Astronomical Society of the Pacific, 1999. ISBN 1-58381-015-3.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. gpobs.home.mindspring.com Archivéiert op 2019-04-28. Gekuckt de(n) 2014-05-24.
  2. Infos von cfa-www.harvard.edu Webseite