Roy Horn

Zauberkënschtler an Dompteur, een Deel vu Sigfried & Roy
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Roy Horn, gebuer als Uwe Ludwig Horn den 3. Oktober 1944 zu Nordenham (Niddersachsen) a gestuerwen den 8. Mee 2020 zu Las Vegas, war en däitsch-amerikaneschen Zauberkënschtler an Dompteur. Hien ass zesumme mam Siegfried Fischbacher als Duo Siegfried a Roy opgetrueden. Duerch hir Optrëtter mat wäissen Tigeren a Léiwe si si weltbekannt ginn.

Roy Horn
De Roy Horn
Gebuertsnumm Roy Uwe Ludwig Horn, Uwe Ludwig Horn
Gebuer 3. Oktober 1944
Nordenham
Gestuerwen 8. Mee 2020
Las Vegas
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit USA, Westdäitschland
Aktivitéit Dompteur
Member vun Siegfried & Roy
Famill
Liewenspartner(in) Siegfried Fischbacher

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Siegfried & Roy.

D'Karriär déi 1960 ugaangen ass, huet 2003 missen ofgebrach ginn, well de Roy deemools vun engem vu sengen Tigeren ugegraff a blesséiert gouf.

De Roy Horn ass den 8. Mee 2020 u Covid-19 gestuerwen[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roy Horn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Magier Roy Horn vu 'Siegfried und Roy' stierft u Covid-19." rtl.lu, 9. Mee 2020.