Roy Andersson (Filmregisseur)

schweedesche Filmregisseur an Dréibuchauteur

De Roy Andersson, gebuer den 31. Mäerz 1943 zu Göteborg, ass e schweedesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Roy Andersson
Gebuertsnumm Roy Arne Lennart Andersson
Gebuer 31. Mäerz 1943
Göteborg
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Lund
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Schrëftsteller, Regisseur, Filmproduzent

De Roy ass no der Universitéit, wou hie Literaturgeschicht a Philosophie studéiert huet, och nach op d'Héichschoul vum Schweedesche Filminstitut gaangen. Hie gouf mat sengem éischte Film En kärlekshistoria aus dem Joer 1970, bekannt. Säi Film Giliap, en absurde Slapstick-Kaméidisfilm aus dem Joer 1975, hat guer kee Succès. Säin nächste Laangspillfilm Sånger från andra våningen koum eréischt am Joer 2000 an d'Kinoen.

Duerno koumen Du levande (2007) an En duva satt på en gren och funderade på tillvaron (2014) déi all duerch hir absurd Komik, hir Kritik vun der schweedescher Kultur an duerch laang Kameraastellungen opgefall sinn.

De Film En duva satt på en gren och funderade på tillvaron krut 2014 um Filmfestival vu Venedeg de Gëllene Léiw.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roy Andersson – Biller, Videoen oder Audiodateien