De Romain Fehlen, gebuer den 19. Februar 1956 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Radiosspeaker, -animateur a -journalist, Conferencier an Auteur.

Romain Fehlen
Gebuer 19. Februar 1956
Lëtzebuerg
Aktivitéit Speaker

Hien ass zu Esch-Uelzecht opgewuess an do an d'Schoul gaangen.

No engem Stage, 1977 beim däitsche Programm vu Radio Lëtzebuerg huet hien, bis 1981, op der Musikhochschule zu Stuttgart Sprecherziehung studéiert. Säin Intressi u Cabaret-Programmen huet hien Enn der 70er Joer och mat engem eegene Programm am Stuttgarter Renitenz-Theater optriede gelooss.

Zanter 1981 schafft hien als Radio-Animateur bei verschiddenen ARD-Radioprogrammen: Fir d'éischt bei SR1 Europawelle Saar a beim SDR 3, duerno bei Bayern 3 an, zanter 1990 bis haut, beim SWR 4. Doriwwer eraus huet de Romain Fehlen mat iwwer 250 verschiddene Schauspiller, Sänger a Museker Interviewe gemaach, dorënner och Vedettë wéi de Gilbert Bécaud, Mikis Theodorakis, Jean-Jacques Goldman, Renaud, Francis Cabrel, Reinhard Mey an den Herbert Grönemeyer. Och mat Landsleit wéi dem Jean Pütz an der Désirée Nosbusch huet hien Interviewe gemaach.

Hien huet och iwwer 200 Lauschterbicher opgeholl, Reklammsspotte geschwat an ass Conferencier fir Evenementer.

Zanter enger Rei vu Jore schreift de Romain Fehlen och. Nieft engem Roman ("Das Lanzarote-Tagebuch") si Kuerzgeschichten, Gedichter a Liddertexter entstanen. E vu sengen Texter ass Enn 2007 als Lidd op der CD "Wir sind gerne Musikanten" vum Norbert Reiff und seine Musikanten verëffentlecht ginn. De Romain Fehlen ass als Gaascht-Sänger mat eegenem Text Wenn ich 67 bin - Gentle on my mind a mat Red roses for a blue lady dorop ze héieren.

De Romain Fehlen huet zwee Kanner a lieft am Raum Stuttgart.

Um Spaweck änneren