Rol Backendorf
lëtzebuergesche Sculpteur
De Rol Backendorf, gebuer de 15. August 1961 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Sculpteur.
Rol Backendorf | |
---|---|
Gebuer | 15. August 1961 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Member vun | ARC Kënschtlerkrees |
Hien ass zanter 1988 fräischaffende Kënschtler. Zanter 2001 beschäftegt hie sech intensiv mat der Kinetik vu Metall. Duerch eng prezis Uewerflächegestaltung vu Placken aus Metall (Edelstol, Koffer, Messing an Titan) duerch Schläifen, Poléieren a Pyrotechnik entsti Wierker, déi am Zesummespill vu Liicht a Beweegung Relieffer virtäuschen, eng Metamorphos vun der Faarf mat sech bréngen an hinnen déi Dräidimensionalitéit ginn, déi se zu Skulpture maachen.
Hien huet säin Atelier am Gebai vun der fréierer Gare zu Bech an hie gëtt zweemol an der Woch Coursen am Lycée Ermesinde.