Roger Taillibert

franséischen Architekt

De Roger Taillibert, gebuer den 21. Januar 1926 zu Châtres-sur-Cher am Departement Loir-et-Cher, a gestuerwen den 3. Oktober 2019 zu Paräis, war e franséischen Architekt, dee sech op Sportsinfrastrukture spezialiséiert hat. Zu senge bekanntste Gebaier zielen de Stadion vum Parc des Princes zu Paräis (1972) an den Olympiastadion zu Montréal, dee fir d'Olympesch Summerspiller 1976 gebaut gi war.

Roger Taillibert
Gebuertsnumm Roger René Taillibert
Gebuer 21. Januar 1926
Châtres-sur-Cher
Gestuerwen 3. Oktober 2019
16. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École du Louvre,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Architekt
Member vun Académie des beaux-arts, Académie des sports

Zu Lëtzebuerg huet hien d'Olympesch Schwämm um Kierchbierg (1982), a spéiderhin d'Coque (2002), entworf.[1] Säi Centre 300, dee geplangt war, fir d'Europäescht Parlament gebaut ze ginn, gouf net realiséiert.

Och eng Rëtsch Verwaltungs-, Schoul- a Wunngebaier goufen no senge Pläng gebaut.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roger Taillibert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Sarah Cames :"d'Coque"-Architekt Roger Taillibert ist tot." wort.lu, 2019-10-04.