De Roger Ludwig, gebuer de 16. Januar 1933 zu Manternach a gestuerwen den 11. Abrëll 2009 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[2]

Roger Ludwig
Gebuer 16. Januar 1933
Gestuerwen 11. Abrëll 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden[3]

Op der Stroosseweltmeeschterschaft am Vëlofueren 1952, déi zu Lëtzebuerg organiséiert gouf, gouf de Roger Ludwig an der Course fir Amateuren den Drëtten an huet d'Bronzemedail gewonnen.[4]

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 241
  2. De Roger Ludwig op der Websäit vu sports-reference.com
  3. De Roger Ludwig op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des OLympiens'
  4. Lëscht mat de Medaillegewënner bei de Stroosseweltmeeschterschaften am Vëlofueren bei den Amateuren op www.sports123.com
  5. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur