E Rockoon (zesummegesat Wuert aus dem englesche Rocket a Balloon) besteet aus engem gasgefëlltene Ballon, deen an d'Héichatmosphär gedroe gëtt zesumme mat enger Rakéit, déi aus praktesche Grënn meeschtens mat Feststoffundriff ausgerëscht ass. Wann de Ballon seng maximal Héicht erreecht huet, gëtt d'Rakéit gezünnt a vum Ballon getrennt. Well d'Rakéit sech net duerch déi dicht Loftschichte beweege muss, ka se beim Asaz mat engem Rockoon méi eng grouss Héicht erreechen wéi bei engem gewéinleche Start vum Äerdbuedem aus.

Rockoon-Start vun enger Deacon-Rakéit

Den Nodeel vum Rockoon ass, datt keng genee Ausriichtung vun der Rakéit méiglech ass, woufir aus Sécherheetsgrënn e grousst Gebitt fir den Nidergank vum Fluchkierper muss ofgespaart ginn. Mat engem Rockoon konnt keng zilsichend Rakéit ofgefeiert ginn. Dofir hat de Rockoon keng grouss militäresch Bedeitung.

Um Spaweck änneren

  • (en) Encyclopedia Astronautica: Rockoon