Robert de Limbourg

belschen Dokter a Geolog

De Robert de Limbourg gebuer 1731 a gestuerwen 1792 war e wallouneschen Dokter, Naturalist, Geolog an Auteur vu wëssenschaftleche Schrëften.

Robert de Limbourg
Gebuer 1731
Gestuerwen 1792
Aktivitéit Dokter, Geolog
Famill
Geschwëster Jean-Philippe de Limbourg

De Robert de Limbourg gëtt allgemeng als e Pionéier vun der belscher Geologie ugesinn. Nodeems hien en ettlech Joer d'Géigend vun Theux exploréiert hat, huet hien de 16. Oktober 1770 fir d'Société littéraire aus där zwee Joer méi spéit d'Académie impériale et royale de Bruxelles ervirgoung, eng Konferenz gehalen bei där hien d'geologesch Formatiounen ëm Theux beschriwwen huet woubäi en anengems probéiert huet d'Formatioun vun där Landschaft z'explizéieren. Véier Joer drop huet hien der Acadamie eng zweet Aarbecht presentéiert an där hien am Detail d'Landschaften an d'Gestengs aus där Géigend beschreift.

Hien huet och bei den Experimenter vu sengem Brudder Jean-Philippe matgeschafft, wéi dee probéiert huet fir e Procedé ze fanne fir aus Steekuele Kock ze maachen a sou méi proppere Goss kënnen ze produzéieren.

Publikatiounen änneren

  • Mémoire sur l'histoire naturelle d'une partie du pays Belgique, Bruxelles, Académie impériale et royale des Sciences et des Belles-Lettres de Bruxelles, 1777
  • Mémoire pour servir à l'histoire naturelle des fossiles des Pays-Bas, Bruxelles, Académie impériale et royale des Sciences et des Belles-Lettres de Bruxelles, 1777