Robert Debré

franséische Kannerdokter

De Robert Debré, gebuer zu Sedan am Departement Ardennes am Joer 1882 a gestuerwen zu Le Kremlin-Bicêtre am Departement Val-de-Marne 1978, war e franséische Kannerdokter a Medezinprofesser.

Robert Debré
Gebuertsnumm Anselme Robert Debré
Gebuer 7. Dezember 1882
Sedan
Gestuerwen 29. Abrëll 1978
Le Kremlin-Bicêtre
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dokter, Fuerscher
Member vun Académie des sciences, Académie nationale de médecine, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Jeanne Debat-Panson
Kanner Michel Debré, Olivier Debré

De Robert Debré war den eelste Jong vum Groussrabinner Simon Debré (1854-1939). 1908 huet hien d'kathoulesch Doktesch Jeanne Debat-Ponsan, Duechter vum Moler Édouard Debat-Ponsan bestuet, wat a senger Famill net gutt akzeptéiert gouf. Mä de Robert Debré hat sech vum Juddentum distanzéiert an huet sech ëmmer als Agnostiker bezeechent. Fir hie stoung d'Vernunft ëmmer ganz vir, och wann en sech fir d'reliéis Fräiheet, als eng vun de Fräiheeten iwwerhaapt, agesat huet. D'Koppel krut dräi Bouwen: De Politiker Michel Debré, den Dokter Claude Debré an de Kënschtler Olivier Debré.

De Robert Debré war Member vun der franséischer Académie nationale de médecine a gëllt als ee vun de Grënner vun der moderner Pediatrie. Hien ass ee vun den éischte Praktiker, déi weltwäit d'Kand als Persoun eescht geholl hunn. Wärend siechzeg Joer huet den Dr. Robert Debré d'medezinesch Praxis, den Enseignement vun der Kannermedezin, d'biologesch Recherche an och d'sozial Pediatrie mat senger Perséinlechkeet marquéiert. Hie war e Kolleeg a perséinleche Frënd vun de Professere Jean Quénu, Paul Rohmer (1876-1977) an Albert Besson (1896-1965).

Zu Paräis huet e grousst Kannerspidol säin Numm, de Centre Hospitalo-Universitaire Robert Debré.

Bekannt Membere vu senger Famill:

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Mam Demograph Alfred Sauvy, Des Français pour la France; Paräis (Gallimard), 1946.
  • L'honneur de vivre; Paräis (Stock & Hermann), 1974.
  • Venir au monde - La vie cachée de la fécondation à la naissance; Paräis (Fayard), 1976; 177 Säiten. ISBN 2-213-00311-4
  • Ernest Renan et Claude Bernard; in: Revue des Deux Mondes, Januar 1977.
  • Ce que je crois; Paräis (Grasset), 1978.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren