Rita Reining
D'Rita Reining, gebuer als Anna Margaretha Reining den 30. Abrëll 1888 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 19. Mäerz 1963, war eng lëtzebuergesch Sculptrice.[1]
Rita Reining | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anna Margaretha Reining |
Gebuer |
30. Abrëll 1888 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
19. Mäerz 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
D'Rita Reining war d'Duechter vum Industriellen Niels Christian Wilhelm Reining a der Catharina Magdalena Burger.[2] Si huet op der Münchener Konschtakademie studéiert. 1920 huet si den Ingenieur Marcel Thomas (1879-1961) vu Stroossbuerg bestuet.
Si huet Skulpturen aus Holz, Gips an Terracotta gemaach a Keramik gemoolt. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg an huet vun 1914 bis 1927 op den alljärleche Salonen vum CAL ausgestallt.[1] No hirer Participatioun am Salon 1917 war d'Rezensentin vum Luxemburger Wort der Meenung: „Rita Reining wird eines Tages der Skulptur in unserm Land neue Wege und Ziele zeigen“[3]. 1923 huet si mat enger Rei Lëtzebuerger Kënschtler zesummegeschafft, dorënner d'Sculpteuren Claus Cito a Jean-Baptiste Wercollier, déi um Salon zu Nanzeg ausgestallt hunn.[4]
D'Rita Reining ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen.[5]
Kuckt och
änneren
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Welter, J., red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Gebuertsschäin, n° 192, 1888.
- ↑ "Rita Reining", Luxemburger Wort, 14. Juli 1917.
- ↑ "Les Artistes luxembourgeois au Salon de Nancy", L'indépendance luxembourgeoise, 6. November 1923.
- ↑ "Madame Marcel Thomas née Rita Reining", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort, 21. Mäerz 1963.