Richtung22

lëtzebuergesche Kënschtlerkollektiv deen e satiresch-kritesche Bléck op déi lëtzebuergesch Gesellschaft a Politik werft
(Virugeleet vu(n) Richtung 22)

Richtung22 asbl[1] ass e lëtzebuergesche Kollektiv vu Kënschtler, déi mat hiren Theaterstécker, Filmer, Radiosemissiounen, Internetoptrëtter an ëffentlechen Aktiounen e satiresch-kritesche Bléck op déi lëtzebuergesch Gesellschaft a Politik werfen.

Richtung22
Ofkierzung R22
Grënnungsdatum 24.09.2012
Sëtz 9, Leedebaach
L-7618 Fiels
Sekretärin Frédérique Colling
Tresorière Michelle Hollmann
Websäit richtung22.org

Richtung22 gouf 2010 vu Membere vum TNL-Jugendclub, Schüler am Fach Art dramatique am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, Membere vum Theatergrupp vum Iechternacher Lycée[2] a jonke Film- an Theaterbegeeschterte gegrënnt.

D'Zuel 22 am Numm soll op dat 22. Joerhonnert hiweisen.[2] 2012 krut d'Organisatioun de Statut vun enger Asbl. Richtung22 huet eppes iwwer 50 aktiv Memberen (Stand Enn 2020).[3]

Richtung22 gouf virun allem mat sengem Theaterstéck vun 2015 mam Titel Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss, eng Satir iwwer den Nation Branding vun der lëtzebuergescher Regierung, bekannt.

Fir Esch 2022 huet Richtung22 dräi Theaterstécker, dräi Kuerzfilmer an dräi Happenings am ëffentleche Raum programméiert.[2] Ufanks Januar 2024 ass RTL Eent, hir satiresch Websäit iwwer RTL Lëtzebuerg, online gaangen.

Ziler vum Kollektiv änneren

Richtung22 huet sech als Zil gesat, an ëffentlech Debatten iwwer gesellschaftlech a politesch Sujeten anzegräifen andeems si sech kloer positionéieren a mat kënschtleresche Mëttele polariséieren.

Finanzéierung änneren

D'Produktioune vu Richtung22 sinn alleguer gratis zougänglech an déi meescht sinn och online ze fannen.

Hir Produktioune goufen zum Deel vum Kulturministère, vum Service national de la jeunesse an der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte ënnerstëtzt. Sponsoring vu Privatfirme kënnt fir de Kollektiv net a Fro.

Filmer änneren

  • Gosstown (2022, iwwer de geplangte Lotissement op der Industriebrooch Esch-Uelzecht-Schëffleng)[4]
  • Heng over (2020, iwwer de Grand-Duc a säi Status)
  • Youthless (2020, iwwer déi ‘ondankbar’ Jugend)
  • Onbemannt Missioun (2015, iwwer eng Missioun fir en onbemannte Planéit a Besëtz ze huelen)
  • Staatsgeheimnis – Keng Panik, näischt verfasst (2014, iwwer déi geplangte Verfassungsreform)
  • Sitcom – De Film (2013, iwwer Idealisten am Filmsecteur)
  • Onst Gewëssen – Wat dir net packt geet an Afrika (2013, iwwer dat schlecht Gewësse vun der westlecher Welt)
  • Ons Educatioun – de sëchere Wee (2011, iwwer de Schoulsystem zu Lëtzebuerg)
  • Ons Identitéit – Mir hu se fonnt (2011)

Theaterstécker änneren

  • Grève générale contre le Luxembourg, 2022
  • Barbara contre Esch City Plus, 2022
  • Esch ass dout!, 2022
  • Gérard Cravatte, 2021
  • Expo2020Dubai – The Happy End Of Democracy (iwwer Lëtzebuerg an der Expo zu Dubai)
  • NAGA – Konscht op Lëtzebuergesch (iwwer déi geplangte Nationalgalerie)
  • Voll mat dobäi (Politik zu Lëtzebuerg als Duerftheater)
  • Luxembourg’s Private Space Explorevolutionary Superfancy Asteroid Tailoring (Lëtzebuerg an de Space Mining)
  • Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss (2015, iwwer de Nation Branding)
  • Freeport – Culture’s safe (2014, iwwer de ‘’Luxembourg Freeport’’)
  • Kulturpräis 2013 (2013, iwwer de Kulturbetrib zu Lëtzebuerg)
  • Ode an die Freude (2012, iwwer d'EU-Institutiounen)
  • Jugend ohne Job (2011, Jonker déi an d'Aarbechtswelt antrieden ouni hir Idealer wëllen opzeginn)
  • Bau der Heimat (2010, Nationalismus an den Nationalstaat)

Aktiounen (Auswiel) änneren

  • RTL Eent (rtl1.lu): eng satiresch Websäit iwwer RTL Lëtzebuerg, zënter Ufank 2024.[5]
  • “Kolonialpionéier” Cito hanner Gitter bréngen! (2020, e Gitter gouf virum Nicolas-Cito-Monument zu Nidderkäerjeng opgeriicht)
  • Sécherheetsofstand zu de Grondrechter (2020, Richtung22 installéiert e 'Monument' zu Bouneweg)
  • Expo2020Dubai: E Monument fir de Kulturministère (2020, Installéiere vun engem ‘Monument’ virum Kulturministère)
  • Gedenktafel Bouneweg (2019, Installatioun zu Bouneweg, ee Joer nodeems e Mann vun engem Polizist do erschoss gouf)
  • Waarm Loft – schlechte Klima (2019, Installatioun vun engem ‘Monument’ zu Waasserbëlleg)

Literatur änneren

  • Peschel, F., 2024. Mehr Unruhe stiften. Das Kunstkollektiv Richtung 22 präsentiert den nächsten Streich. Nach dem Theaterstück Ween stoppt RTL? geht die RTL-Reihe mit einem Film weiter. d'Lëtzebuerger Land vum 12. Abrëll 2024, S. 27.
  • Clarinval, F., 2022 (Interview). Critiquer de l'intérieur. Le collectif de jeunes artistes Richtung22 entend jouer un rôle critique et actif au sein du programme d'Esch2022. Rencontre avec Lars, Gabriel∙le et Ada, trois des membres de l'asbl. d'Lëtzebuerger Land vum 14. Januar 2022, S. 7.

Un Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F9278 agedroen
  2. 2,0 2,1 2,2 Interview am Lëtzebuerger Land vum 14. Januar 2022, S. 7.
  3. Websäit vu Richtung22
  4. Laboulle, L., 2022. Beton, Glas a Kultur. d'Lëtzebuerger Land vum 3. Juli, S. 5.
  5. D'Websäit gesäit opfälleg aus ewéi déi vun RTL Lëtzebuerg. Stand 7. Januar 2024: Richtung22 huet sech offiziell nach net zu där Aktioun bekannt. De Journalist LL (Luc Laboulle) erkennt am Land vum 5. Januar 2024, S. 28., d'Handschrëft vu Richtung22. D'LW vum 18. Januar (S. 45) mellt datt Richtung22 matgedeelt huet datt hire Kollektiv verantwortlech fir d'Websäit ass an och datt RTL bis dohinn net drop reagéiert huet.