Richard David Precht
De Richard David Precht, gebuer den 8. Dezember 1964 zu Solingen, ass en däitsche Schrëftsteller, Publizist an Essayist.
Richard David Precht | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1964 Solingen |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Philosoph, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Journalist |
Famill | |
Bestuet mat | Caroline Mart |
Hien huet Philosophie, Germanistik a Konschtgeschicht op der Universitéit zu Köln studéiert a gouf 1994 an der Germanistik promovéiert.
Als Essayist schreift hie fir däitsch Zeitungen an Zäitschrëften. Hie war vun 2002 bis 2004 Kolumnist vun der Zäitschrëft Literaturen a vun 2005 bis 2008 fräie Mataarbechter vun der Sendung Tageszeichen vum WDR.
Hien huet eng siwe Bicher geschriwwen, wouvun dat bekanntst Wer bin ich – und wenn ja, wie viele?, iwwer 700.000 Mol verkaaft an an 18 Sproochen iwwersat gouf, an 2008 op 1. Plaz op der Spiegel-Bestsellerlëscht vu Saachbicher stoung.
De Precht ass bestuet mat der Caroline Mart, a lieft zu Köln an zu Lëtzebuerg.
Wierker
änneren- Die gleitende Logik der Seele. Dissertation. Metzler-Poeschel, Stuttgart 1996, ISBN 3-476-45151-8.
- Noahs Erbe. Vom Recht der Tiere und den Grenzen des Menschen. Rowohlt, Reinbek 2000, ISBN 3-499-60872-3.
- mam Georg Jonathan Precht: Das Schiff im Noor. Goldmann, München 2001, ISBN 3-442-44791-7.
- Die Kosmonauten. Kiepenheuer und Witsch, Köln 2003, ISBN 3-462-03216-X.
- Baader braun. In: Iris Radisch (Hrsg.): Die Besten 2004. Klagenfurter Texte. Die 28. Tage der deutschsprachigen Literatur in Klagenfurt. Piper, München/Zürich 2004, ISBN 3-492-04648-7.
- Lenin kam nur bis Lüdenscheid. Meine kleine deutsche Revolution. List, Berlin 2007, ISBN 3-548-60696-2. Autobiographie,
- Wer bin ich – und wenn ja, wie viele? Eine philosophische Reise. Goldmann, München 2007, ISBN 3-442-31143-8.
- Liebe. Ein unordentliches Gefühl. Goldmann, München 2009, ISBN 3-442-31184-5.
Um Spaweck
ännerenCommons: Richard David Precht – Biller, Videoen oder Audiodateien |