Riccardo Montolivo
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Riccardo Montolivo, gebuer den 18. Januar 1985 zu Caravaggio, Italien, ass en italieenesch-däitsche (Sic!) Foussballspiller.
Riccardo Montolivo | ||
De Riccardo Montolivo am Dress vum AC Mailand | ||
Spillerinformatiounen | ||
---|---|---|
Vollen Numm | Riccardo Montolivo | |
Gebuertsdag | 18. Januar 1985 | |
Gebuertsplaz | Caravaggio, Italien | |
Gréisst | 181 cm | |
Positioun | Zenter | |
Veräiner an der Jugend | ||
2000-2003 | Atalanta Bergamo | |
Veräiner als Aktiven1 | ||
Joer | Veräin | Matcher (Goler) |
2003–2005 2005-2012 2012-2019 |
Atalanta Bergamo AC Florenz AC Mailand |
72 (7) 217 (17) 158 (10) |
Nationalekipp2 | ||
2007-2017 | Italien | 66 (2) |
1 Nëmme Liga-Matcher. |
Hie spillt zanter 2012 beim AC Mailand.
Carrière
ännerenVu 15. bis 18. Joer huet de Montolivo an der Jugend vun Atalanta Bergamo gespillt. An der Saison 2003/04 ass hie fir déi éischt Ekipp an der Serie B an an der Saison drop an der Serie A opgelaf. Säin Debüt hat hien den 12. September 2004 (1. Spieldag) beim 2:2-Gläichstand am Heemspill géint US Lecce; säin éischte Gol huet hien den 23. Oktober 2004 (7. Spilldag) beim 2:2-Gläichstand am Heemspill géint Cagliari Calcio geschoss.
Mam Ufank vun der Saison 2005/06 ass de Montolivo bei den AC Florenz gewiesselt an huet zwou Saisonen do gespillt. Hien ass séier Stammspiller ginn. Spéiderhin ass hie souguer Kapitän vun de Florentiner ginn.
Zur Saison 2012/13 huet den AC Mailand Montolivo ënner Vertrag geholl. Hien huet e Véier-Jores-Vertrag bis zum 30. Juni 2016 ënnerschriwwen.
Nationalmannschaft
ännerenNodeem de Montolivo fir d'U-18-, U-19- an d'U-21-Nationalekipp opgeruf gouf, huet hien de 17. Oktober 2007 an der Squadra Azzura debutéiert, wéi déi zu Siena e Frëndschaftsspill géint Südafrika mat 2:0 gewonn huet. Säin éischte Gol huet hien den 10. August 2011 zu Bari bei der 2:1-Victoire am Testspiel géint Spuenien geschoss.