Rendolepsis

Film vum Marc Barnig (2003)

Rendolepsis ass e Lëtzebuerger Film vum Marc Barnig aus dem Joer 2003.

Rendolepsis
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2003
Première 2003
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Marc Barnig
Dréibuch Marc Barnig,
Pierre Heinen
Musek Morella's Sleep
Produzent Koler Movies Lëtzebuerg
Schauspiller
Vivi Giampaolo als Emma
Joëlle Kugener als Eva
Maus Meyer als Anna (al)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Emma fënnt um Späicher e Schlëssel an en aalt Buch, andeems iwwer Rendolepsis riets geet. Well et der Bedeitung vun deem mysteriéise Wuert op de Fong wëll goen, mécht d'Emma sech zesumme mat senger Frëndin Eva op de Wee op Huelmes, wou et Indikatiounen aus dem Buch no eventuell méi gewuer kéint ginn. D'Awunner vun Huelmes behuelen sech zwar relativ gelungen, mä si hëllefen deenen zwéi Meedercher andeems se se bäi d'Anna schécken, déi déi eelst Fra aus dem Duerf ass. Déi mécht och den Androck, wéi wa se eppes mat deem geheimnisvolle Wuert Rendolepsis ufänke kéint, mä wéi se vum Schlëssel héiert, dréit se duerch a wëllt deen onbedingt u sech bréngen. D'Meedercher lafe séier fort a probéieren hiert Gléck am Schlass vum Duerf. Mä et gëtt ze séier däischter a se mussen zeréck an d'Duerf, wou de Wiert se mat anerem Jonken zesummen an engem Gemeinschaftsraum schlofe léisst. Nuets ginn d'Meedercher wakreg a mierken, datt all déi aner aus dem Raum am Gaang sinn, sech aus dem Stëbs ze maachen. Si ginn hinnen no, an d'Schlass erop, an e Raum...

Flashback en ettlech Joer zeréck an der Zäit. D'Geschicht vum Auteur vum geheimnisvolle Buch gëtt erzielt an et kënnt een sou op d'Spuer, wat Rendolepsis eigentlech ass a watfir Onheel doduerch scho passéiert ass.

An nach en Zäitspronk, déi Kéier erëm zeréck bis bal un den Ufank vum Film. Déi ganz Geschicht gëtt nach eng Kéier komplett en Detail gewisen, mä déi Kéier aus der Perspektiv vun den Awunner vun Huelmes, déi effektiv méi iwwer Rendolepsis wëssen, wéi se de Meedercher géinteniwwer zougi wollten. Zum Schluss fënnt och de Schlëssel säi Schlass, mat alle Konsequenze wat dat mat sech bréngt.

Realisatioun änneren

D'Geschicht u sech ass intressant an eenegermoosse spannend opgebaut, wann ee vu laangotmege Momenter, besonnesch am Ufank a wärend dem ganzen zweeten Zäitspronk, emol ofgesäit. Dëse Film ass zwar eng kommerziell Produktioun, mä trotzdeem vun Amateure mat ganz einfache Moyenen op d'Been gesat. Sou sinn z. B. vill Dialoger relativ steif, a mat Ausnam vun der Anna als al Fra sinn all d'Rolle vun den eeler Leit mat Jonktem an ale Kleeder besat. Et däerf een also definitiv net Hollywoodstandard erwaarden, mä dat schéngt de Groussdeel vum Public an de Kinossäll och net gemaach ze hunn, well do krut de Film deelweis ganz encourageant Echoen.

DVD änneren

De Film ass bei Koler Movies Lëtzebuerg op DVD erauskomm.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren