Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller René Hoffmann (1942-2019). Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. René Hoffmann.

De René Hoffmann, gebuer zu Esch-Uelzecht de 4. Juli 1942 an och do gestuerwen de 6. November 2019,[1],[2] war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Trainer.

René Hoffmann
Gebuer 4. Juli 1942
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 6. November 2019
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Jeunesse Esch

De René Hoffmann war an den 1960er an 1970er Jore Stammspiller vun der Jeunesse Esch an hie war do Golkipp. Hie war zu senger Zäit ee vun de ganz bekannte Golkippen, an hat vum Real Madrid eng Plaz als Golkipp offréiert kritt, déi hien awer net ugeholl huet.

Tëscht dem 11. Mee 1961 am 15. Oktober 1975 stoung hie 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[3] No senger aktiver Carrière war hien nach jorelaang Golkippestrainer vun der Jeunesse a vun der Nationalekipp.[4]

Vun 1982 bis 1987 a vun 1989 bis 1991 war hien am Gemengerot vun Esch-Uelzecht.

Referenzen änneren

  1. René Hoffmann ist tot. Wort.lu (2019-11-06). Gekuckt de(n) 2019-11-06.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 8. Nov. 2019 op gedenken.lu
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum René Hoffmann op der Websäit vun European Football
  4. "René Hoffmann ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen." rtl.lu, 06.11.2019 16:58.