Eng Remonstranz (oder Remonstration) war an der Fréier Neizäit eng offiziell Plainte vun engem Staatsorgan géint en anert, meeschtens vum Parlament, enger Stännerversammlung oder engem Geriichtshaff géint de Souverän.

Am Frankräich vum Ancien Régime gouf et en exakt festgeluechten Droit de remonstrance vun de Parlamenter géint d'Edikter vum Kinnek.

Historesch vu besonnescher Bedeitung war 1641 déi Grouss Remonstranz vum Ënnerhaus géint d'Regierung vum Charles I. an England. Si zielt zu de wichtegsten Ausléiser vum Englesche Biergerkrich a war e wichtege Schrëtt an d'Richtung vun enger parlamentarescher Monarchie.