Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Remo Mannelli, gebuer den 13. November 1942 zu Fiuminata (Italien), ass e fréiere Fechter an Olympionik.[1]

Remo Mannelli
Gebuer 13. November 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter

1972 war hie bei den Olympesche Summerspiller 1972 zu München an huet do beim Eenzelconcours am Deegen (épée) matgemaach. Hie gouf am 1. Tour eliminéiert a koum op déi 62. Plaz ënner 72. Konkurrenten.[2]

Hien ass President vum Verwaltungsrot vun der Entreprise Mannelli & Associés, déi 1952 vu sengem Papp Tino gegrënnt gouf a sech op Elektrizitéit spezialiséiert huet. Hien ass de Koseng vum Romain Mannelli.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Remo Mannelli op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  2. Resultater vun den Olympesche Spiller 1972 am Deegen, Eenzel bei den Hären