De Reinhard Mohn, gebuer den 29. Juni 1921 zu Gütersloh a gestuerwen den 3. Oktober 2009 zu Steinhagen, war en däitschen Entreprener.

Reinhard Mohn
Gebuer 29. Juni 1921
Gütersloh
Gestuerwen 3. Oktober 2009
Steinhagen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Westfälische Wilhelms-Universität
Aktivitéit Entreprener, Philanthrop

De Reinhard Mohn war vun 1947 bis 1981 a 5. Generatioun Direkter vun der Presidence vu Bertelsmann, dat en an där Zäit vun engem mëttelse Verlag zu engem vun deene gréisste Mediekonzerner op der Welt ausgebaut huet, zu deem z. B. (zu 90 %) d'RTL Group, d'Verlagsgrupp Random House, Arvato, d'Direct Group Bertelsmann mat de Bicher-clibb an den Zeitungsverlag Gruner + Jahr gehéieren.

1981 gouf e President vum Opsiichtsrot vun der Bertelsmann AG an 2000 President vun der Bertelsmann Stiftung.

Literatur änneren

  • Saul Friedländer, Norbert Frei, Trutz Rendtorff, Reinhard Wittmann: Bertelsmann im Dritten Reich. C. Bertelsmann, 2002, ISBN 3-570-00713-8.
  • Thomas Schuler: Die Mohns. Vom Provinzbuchhändler zum Weltkonzern: Die Familie hinter Bertelsmann. Campus Verlag, 2004, ISBN 3-593-37307-6.
  • Frank Böckelmann, Hersch Fischler: Bertelsmann. Hinter der Fassade des Medienimperiums. Eichborn Verlag, 2004, ISBN -3821-85551-7.
  • Werner Biermann, Arno Klönne: Agenda Bertelsmann. Ein Konzern stiftet Politik. Papy-Rossa-Verlag, 2007, ISBN 978-389438-372-5.

Um Spaweck änneren