De read and talk about ass eng Internetzeitung op Lëtzebuergesch vum Lëtzebuerger Jugendroutkräiz.

Se ass am November 2007 vu 4 Benevolen vum Lëtzebuerger Jugendroutkräiz gegrënnt ginn. Bannen engem Joer ass mat der Popularitéit vun der Gratis Online Zeitung och d'Zuel vun de 'Journalisten' op 13 geklommen.

D'Zeitung beschäftegt sech virun allem mat Jugend- a Sozialthemen, an ass eng Informatiounsquell fir déi ronn 300 Fräiwëlleger vum Jugendroutkräiz.

Ufanks gouf d'Zeitung am PDF Format nëmmen un d'Memberen geschéckt, mä an Tëschenzäit kann ee se um Site vum Roude Kräiz eroflueden.

Um Spaweck änneren