Ray Philippe

lëtzebuergesche Boxer

De Ray Philippe, gebuer de 25. Februar 1939 zu Lëtzebuerg, a gestuerwe bei engem Autosaccident de 4. Juni 1977 zu Féiz, war e lëtzebuergesche Boxer.

Ray Philippe
Gebuer 25. Februar 1939
Gestuerwen 4. Juni 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

De Ray Philippe war e puermol Landesmeeschter.

Vun 1952 bis 1961 huet hien 85-mol als Amateur geboxt an dobäi 45-mol gewonnen a jee 20-mol verluer respektiv e Remis erreecht.

Als Beruffsboxer huet hie vun 1961 bis 1973 67-mol geboxt an dobäi 35-mol gewonnen, 7-mol e Remis erreecht a 25-mol verluer.

Den 28. Juni 1965 huet hien an der Stad Lëtzebuerg um Lampertsbierg fir den Europameeschtertitel am Superweltergewiicht geboxt. Hie war den Erausfuerderer vum deemolegen italieeneschen Europameeschter Bruno Visintin. De Match ass iwwer déi voll Ronnenzuel gaangen an um Enn huet den Italieener no Punkte gewonnen a konnt sou säin Titel erfollegräich verdeedegen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Literatur änneren