La 'question juive' au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies

(Virugeleet vu(n) Rapport Artuso)

La 'question juive' au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies, och bekannt als Rapport Artuso, no sengem Auteur Vincent Artuso, ass e Rapport, deen dësen am Kader vun engem Fuerschungsprojet, am Optrag vun der Lëtzebuerger Regierung, 2015 virgeluecht huet.

Doran analyséiert hien ë. a. d'Roll vun der Verwaltungskommissioun zu Lëtzebuerg an den éischte Méint vun der däitscher Besatzung 1940-1944/45

Geschicht änneren

De Sujet vun deem Fuerschungsprojet huet sech 2013 erausgeschielt, nodeems den Historiker Denis Scuto Lëschte vu jiddesche Schoulkanner publizéiert hat, déi d'Verwaltungskommissioun déi eenzel Gemengen oder Lycéeë gedoen hat, opzestellen. Den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker sot doropshin an enger Debatt[Wou ?], et géif e "Flou" iwwer de Grad vu Kollaboratioun vun der Regierungskommissioun mam Gauleiter Gustav Simon senger Zivilverwaltung.

D'Uni Lëtzebuerg krut den Optrag, eng Recherche doriwwer ze maachen. De Vincent Artuso krut e Fuerschungsoptrag, an huet d'Resultat vu senge Recherchen an engem Ofschlossrapport am Februar 2015 virgestallt.

E kënnt zum Schluss, datt d'Verwaltungskommissioun an 3 Beräicher mat der däitscher antisemittescher Politik kollaboréiert huet: dem Identifizéiere vun de Judde beim Expulséieren aus dem ëffentlechen Déngscht, aus de fräie Beruffer an aus dem Schoulwiesen a bei der Zwangsenteegnung vun hirem Besëtz.[1],[2]

Rezeptioun änneren

D'Reaktiounen op de Rapport ware vun de Medie gréisstendeels positiv. Sou huet d'Revue vun engem "Meilenstein" geschwat.[3] D'Historiker Henri Wehenkel[4] a Charles Barthel[5] hunn, wann och aus ganz ënnerschidddleche Grënn, hir Bedenken ugemellt.

Ausbléck änneren

Den 9. Juni 2015 huet d'Chamber eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där se sech bei der jiddescher Communautéit fir d'Verhale vun Deeler vun de Lëtzebuerger Verwaltunge virun a wärend dem Zweete Weltkrich entschëllegt huet. Déi Resolutioun huet sech op d'Conclusioune vum Artuso sengem Rapport gestäipt.[6]

Och d'Regierung huet sech deenen Entschëllegungen ugeschloss.[7]

Literatur änneren

  • La « question juive » au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Rapport final remis au Premier ministre le 9 févirer 2015. Uni Lëtzebuerg, 2015. PDF Download bei rtl.lu; PDF-Download bei gouvernement.lu.
  • La question juive au Grand-Duché ; in: woxx, Nr. 1210 (12/04/2013), Ss. 6-7 (ill.).
  • Dépasser le mythe national; in: d'Lëtzebuerger Land, 11. November 2011

Referenzen änneren

  1. "'Die Regierung ist bereit, Verantwortung zu übernehmen'." wort.lu, 10. Februar 2015 um 16:00.
  2. "Rapport Artuso a Reaktiounen: Kollaboratioun vun der Verwaltungskommissioun vun 1940." rtl.lu, 12.02.2015, 07:29:31.
  3. Archive copy Archivéiert op 2019-01-30. Gekuckt de(n) 2019-02-07.
  4. Le rapport Artuso – limites et perspectives - Controverses autour d'un rapport am Lëtzebuerger Land vum 17.04.2015 op www.land.lu
  5. https://www.wort.lu/de/politik/die-judenfrage-in-luxemburg-meilenstein-oder-stolperfalle-5617ee1a0c88b46a8ce61e76
  6. "D'Chamber entschëllegt sech bei jiddescher Communautéit". op rtl.lu, Leschten Update: 09.06.2015, 17:03:51.
  7. "Deuxième Guerre mondiale: le gouvernement luxembourgeois présente ses excuses à la communauté juive." Communiqué op gouvernment.lu. 09.06.2015 (16:46).