Ranma ½

japanesch Mangaserie

Ranma ½ (Ranma Nibun-no-Ichi) ass eng japanesch Mangaserie déi vun der Rumiko Takahashi geschriwwen an illustréiert gouf. Déi gouf vu September 1987 bis Mäerz 1996 am Weekly Shōnen Sunday publizéiert. An der Geschicht geet ëm en Teenager dee Ranma Saotome heescht an deen zanter dem Ufank vu senger Kandheet Kampfkënscht trainéiert. Wéinst engem Accident wärend enger Trainingsrees ass e verflucht ginn. De Fluch mécht datt hien e Meedche gëtt, wa kaalt Waasser un e kënnt, waarmt Waasser dogéint verwandelt en nees an e Jong. Duerch de ganze Manga sicht de Ranma e Wee fir sech vum Fluch ze befreien, dobäi gëtt e stänneg vu senge Frënn, Feinden a Verloobter gestéiert.

De Logo vu Ranma ½

Ranma ½ huet eng schauspilleresch Formel an eng geschlechtsverännerend Haaptfigur, déi sech dacks virsätzlech an e Meedche verwandelt, fir u seng Ziler ze kommen. D'Geschicht gëtt meeschtens ugedriwwe vu komplizéierte Bezéiungen tëscht de Personnagen, ongewéinlechen Eegenschaften an exzentresche Perséinlechkeeten. D'Figuren an d'Bezéiungen, ännere sech seelen, soubal se fest agefouert a festgesat goufen.

De Manga gouf an zwou Animeserien adaptéiert, déi vu Studio Deen erstallt goufen: Ranma ½ an Ranma ½ Nettōhen, déi vun 1989 bis 1992 op Fuji Television ausgestraalt goufen. Doriwwer eraus goufen 12 OVAen an dräi Filmer produzéiert. Am Joer 2011 gouf e Live-Action-TV-Special kreéiert an op Nippon Television gesent. De Manga Ranma ½ gouf iwwer 53 Milliounen Exemplairen a Japan gedréckt.

Geschicht änneren

Op enger Trainingsrees an der Bayan-Har-Cordillère, an der Qinghai Provënz, falen de Ranma Saotome a säi Papp Genma an déi verflucht Quelle vu Jusenkyo. Wann een an eng verflucht Quell fält, hëlt een déi physesch Form vun deem, deen do erdronk ass, soubal een a Kontakt mat kalem Waasser kënnt. D'Transformatioun ka mat waarmem Waasser zeréckgesat ginn, awer de Fluch gëllt nach ëmmer. De Genma fält an d'Quell vun engem erdronkene Panda, an de Ranma an déi vun engem erdronkene Meedchen.

No hirer Trainingsrees ginn déi zwéin zu Nerima (Tokyo) an den Dojo vum Genma sengem ale Frënd Soun Tendo wunnen. De Genma an de Soun hate viru Joren decidéiert, datt hir Kanner sech bestuede géifen an den Tendo-Dojo weiderféiere géifen. De Soun huet dräi Diechter: déi héiflech a liddereg Kasumi, déi gäizeg an desintresséiert Nabiki an déi buuschteg Akane déi Kampfkënscht trainéiert. D'Akane, déi grad sou al ass wéi de Ranma gëtt vun hire Sëschteren als Verloobt erausgesicht. Hir Begrënnung ass, datt hatt Männer haasst an de Ranma nëmmen e Mann d'Hallschent vun der Zäit ass. Souwuel de Ranma wéi d'Akane verweigeren d'Verlobung, well hir Meenung bei der Entscheedung net gefrot gouf. Wärend der Geschicht fënnt ee se dacks zesummen a se ginn oft behandelt wéi wa se scho verloobt wieren. Am Ufank streide se stänneg awer zum Schluss hëllefe se sech géigesäiteg fir Problemer ze léisen. D'Léift-Haass-Relatioun tëscht der Akane an dem Ranma ass e Markenzeeche vun der Franchise.

Produktioun änneren

De Rumiko Takahashi huet gesot datt Ranma ½ als Manga konzipéiert gouf déi all d'Aspekter vum Alldag mat der Kampfkonscht verbënnt.[1] Well seng vireg Serië Protagonistinnen hat, huet d'Autorin decidéiert datt se des Kéier e Mann wollt. Allerdéngs huet se sech Suerge gemaach iwwer dës Iddi an huet sech schlussendlech entscheet en hallef weiblech ze maachen.[2] Ier se optéiert hat Waasser ze huele fir d'Transformatioun hat se consideréiert datt Ranma säi Geschlecht ännert all Kéier wann e geschloe gëtt. Si huet Jusenkyo a China placéiert well et déi eenzeg Plaz ass wou et geheechnesvoll Quelle kéinte ginn.[3] Si huet hir Inspiratioun fir Ranma ½ vun enger Villzuel vu reelle Géigestänn a Plaze wéi zum Beispill d'Heemecht vu Takahashi.[4]

An engem Interview vun 1990 mat Amazing Heroes, huet Takahashi gesot, datt se véier Assistentinnen huet, déi sech ëm d'Hannergrënn, Tafellinnen an den Toun këmmeren, wärend si un d'Geschicht an de Layout schafft, an d'Charakteren zeechent[5]. Si huet just Fraen als Assistentinnen. Takahashi erkläert: "Ech benotze keng Männer als Assistenten, sou kënnen d'Frae méi seriö schaffe well se sech da keng Suerge maachen iwwer Männer." Am Joer 1992 erkläert se hir Methodologie. Si fänkt mam Plange vum Kapitel owes fir an der Härfréi ofzeschléissen. Sou ka se herno en Dag auszerouen ier se seng Assistentinnen oprifft ze schaffen. D'Assistentinne brauchen normalerweis 1-2 Nuechte fir fäerdeg ze ginn a 5 Deeg fir e Kapitel.[2]

Takahashi huet absichtlech d'Serie sou konzipéiert datt se beléift gëtt bei Fraen a Kanner. Am Joer 1993 freet en Animerica-Interviewer, ob d'Thema iwwer d'Geschlechtsverännerung gewollt war, fir d'Männerdominanz an der Gesellschaft opzeklären. Takahashi äntwert drop datt se net u gesellschaftlech Agendaen denkt an datt se fir de Konzept vu Ranma ½ "eng einfach a witzeg Iddi" wollt. Als Fra an als Kand huet se gär Mangae gelies an huet dozou gesot datt "Mënschen, déi sech an Déiere verwandelen, och Spaass maache kënnen a mäerchenhaft sinn". 2013 huet se gesot datt am Ufank vu Ranma säin Editeur him gesot huet se soll d'Geschicht méi dramatesch maachen. Si war awer der Meenung dat wier eppes wat se net maache kann. Si huet awer zouginn datt de Schluss méi dramatesch ass. Wärend den Auditioune fir d'Stëmme vum Anime huet se insistéiert datt d'männlech an d'weiblech Versioun vu Ranma vu verschidden Acteuren, mam entspriechende Geschlecht, gemaach musse ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Ranma ½ – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Inuyasha Comes to America
  2. 2,0 2,1 Interview in Italy
  3. Memorial Interview
  4. Miscellaneous - Inspirations
  5. Career Retrospective