Ramasse (Spunnes)

Kaartespill
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem "Kaartespill" Ramasse. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ramasse (Homonymie).

Ramasse ass e Spunnes, bei deem Kaarte vum engem ganze Kaartespill op de Buedem gehäit ginn a mussen opgeraf ginn. Dohier kënnt och den Numm "Ramasse", aus dem Franséische "ramasser", fir "oprafen".

Da raf een déi mol op...

Reegelen änneren

Fir Ramasse ze spille brauch een e Kaartespill, een deen d'Spill kennt an d'Kaarten ausdeelt, an een dee wëll an d'Spill initiéiert ginn, d'Reegelen awer nach net kennt. Deen deen ausdeelt annoncéiert am Ufank vum Spill "Ramasse!" a wërft d'Kaarten d'Luucht. Deen deen initiéiert gëtt, muss d'Kaarten da vum Buedem (oder wou se soss gelant sinn) oprafen.