Rajnath Singh

indesche Politiker


De Rajnath Singh (Hindi:राजनाथ सिंह) ass en indeschen Politiker, deen den 10. Juli 1951 am Staat Uttar Pradesh an Indien gebuer gouf.

Rajnath Singh
Gebuer 10. Juli 1951
Nationalitéit Indien
Aktivitéit Politiker, Physiker
Partei Bharatiya Janata Party, Bharatiya Jana Sangh

Hien ass zënter 2019 Verdeedegungsminister an der Regierung vum Narendra Modi. Virdru war hien Inneminister (2014-2019).

An der Regierung vum Atal Bihari Vajpayee war hien Transportminister (1999-2000) a Landwirtschaftsminister (2003-2004).

Seng politesch Partei ass d'Bharatiya Janata Party (BJP), där hire President hien tëscht 2005 an 2009 an tëscht 2013 an 2014 war.

De Rajnath Singh ass e Verfechter vum Hindutva, dem hinduisteschen Nationalismus.