Radio Belle Vallée
De Radio Belle Vallée, kuerz RBV, ass e Lokalradio zu Lëtzebuerg, deen zanter 1992 vu Féiz op der UKW-Frequenz 107 MHz ausgestraalt gëtt. E kann och als Livestream iwwer den Internet empfaange ginn. De Studio ass zu Bieles.
Gesent gëtt déi ganzen Zäit ouni Ënnerbriechung, mä just eng 70 Stonnen d'Woch si vu fräiwëllege Radiosanimateure begleet, de Rescht vum Programm besteet aus verschiddenen thematesch am viraus zesummegesate Museksbléck.
RBV Speakeren an hir Sendungen
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Tun
ännerenDen Tun ass de Motor hannert dem Radio Belle Vallée. Praktesch all fräi Minutt gëtt hie fir de Radio a suergt dofir, datt d'Speakeren hir Sendungen och maache kënnen. Am Programm vum Radio trëtt den Tunn ëmmer iwwerraschend op.
Julien
ännerenDe Julien ass sonndes mueres op Antenn, mat der Sendung "Hey Du". Dës Emissioun presentéiert verschidde Museksrichtungen an invitéiert Nolauschterer matzemaachen.
Nico
ännerenDe Mann fir déi gemittlech Kläng. Hie presentéiert 4 Emissiounen an der Woch, dorënner e Wonschconcert mat Lëtzebuerger Musek.
Loïc Juchem
ännerenDe Loïc ass zanter 2014 am Team vum RBV an elo mat 25 Joer och dee jéngste Speaker. Hie moderéiert all Samschde vu 14 bis 16 Auer "TMM - Talk, Music and More", eng modern Sendung wou alleguer d'Nolauschterer kënne matmaachen, an interessant Theemen an déi aktuellste Musek presentéiert ginn. Bei him an der Sendung ware schonn eng ganz Rëtsch u Perséinlechkeeten: Paul Panzer, Dan Kersch, Andreas Gablier, Corinne Cahen, Jean-Claude Hollerich, Nancy Kemp-Arendt, Anne Faber, Joris, Tommy Schlesser, etc.
Anerer
änneren2018 besteet den RBV Team des Weideren aus dem Liette, Roger, Jacqueline, Benny, Mann, Antonio, Netty Cloclo, Noel, Kevin, René, David, Pierre a Lilly.