De RadioAstron (och Spektr-R genannt) ass e Weltraumteleskop fir interferometresch Observatiounen am Radioberäich. De Start war den 18. Juli 2011.

RadioAstron
Modell vum RadioAstron op der ILA Berlin 2012
Typ Radioastronomie
Land Russland
Agentur
Apogeum 296.724 km
Perigeum 48.212 km
Bunnschréi 74,2°
Mass 3.295 kg
Bunn-Ëmlafzäit 8d 17h 05min
Start 18. Juli 2011, 02:31 UTC]]
Startplaz Baikonur
Drorakéit Zenit-3F/Fregat-SB
Status aktiv

Mat RadioAstron gouf e Radioteleskop mat 10 m Reflekterduerchmiesser op eng exzentresch Äerdëmlafbunn mat 9,5 Deeg Ëmlafzäit geschéckt. Seng gréisst Distanz vun der Äerd ass ronn 350.000 km. An Zesummenaarbecht mat äerdgebonnenen Teleskope sollen no der VLBI-Method héchstopgeléist Observatiounen a véier Beräicher tëscht 1,35 an 92 cm Wellelängt méiglech sinn. Am Beräich ëm 1,35 cm Wellelängt (Frequenze vun 18 bis 25 GHz) soll sou eng Opléisung vu 7 Mikrobousekonnen erreecht ginn.[1]

RadioAstron ass en internationale Projet ënner Opsiicht vum Moskauer Astrokosmeschen Zentrum am Lebedew-Institut fir Physik vun der russescher Akademie vun de Wëssenschaften. Méi wéi 20 Länner sinn dru bedeelegt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Spektr-R – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Radioteleskop Spektr-R im All