Räucherstäbchen
E Räucherstäbchen ass e Béngelchen aus Holz, dee mat organescher Matière, wéi z. B. ethereschen Ueleger, bedeckt an/oder impregnéiert ass. De Bengelche gëtt ugefaangen a verglousse gelooss, soudatt de Geroch vun der parfüméierter Matière mam Damp an d'Loft iwwergeet.
De Sënn an Zweck vum Ofglousse vu Räucherstäbercher ka sinn, fir datt et am Raum gutt richt, awer och, jee nodeem, fir Insekten ze verdreiwen oder, an engem reliéis-zeremonielle Kontext 'béis Geeschter ewechzehalen', respektiv Persounen an hirer Meditatioun z'ënnerstëtzen. Si ginn an allen asiatesche Länner am Buddhismus, Hinduismus, Konfuzianismus an Daoismus an Tempelen, bei Zeremonien a Meditatiounen benotzt. Dem Damp gëtt eng rengegend Wierkung nogesot.
An Tempelen ginn dacks Räucherstäbercher an Schuelen mat Sand gestach. Fir eenzel Stäbchen ginn et Halter aus Metall, Keramik, Specksteen oder Holz. Holzhalter sinn meeschtens aus Tropenholz. Si kënnen wéi eent einfacht Breettchen mat enger Rëtsch oder a Këschteform gemaach sinn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Räucherstäbercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |