Räif nennt ee kleng, kristallin Oflagerungen, déi duerch d'Resublimatioun vu Waasserdamp zu Äis op Uewerfläche vu Géigestänn entstinn. Dës Oflagerunge kënne sech gläichméisseg verdeelen, wann d'Lofttemperatur ënner Null fält (Stralungsräif), oder awer d'Form vun dënne Kristallnolen hunn, wann e kale Wand bléist (Advektiounsräif).

Räif op Äscht
Geräifte Blieder

Räif kann och duerch Nidderschlag vu gefruerener Loftfiichtegkeet entstoen, dësen ass dann eng Grimmel méi haart.

Um Spaweck änneren

Commons: Räif – Biller, Videoen oder Audiodateien