Quierzy (fréier Cariciacum, Carisiacum, Charisagum, Karisiacum) ass eng franséisch Gemeng am Departement Aisne an der Regioun Hauts-de-France. Se läit um Uwänner vun der Oise tëscht Noyon a Chauny, a war eng al Kinneksstad. Haut ass et just nach e rouegt Dierfche mat 415 Awunner (2018).

Quierzy
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Aisne
Arrondissement Laon
Kanton Vic-sur-Aisne
Postcode 02300
Gemengecode 02631
Koordinaten 49° 34’ 17’’ N
      03° 08’ 39’’ O
Fläch  809 ha
Bevëlkerung  415 (2018)

Nopeschgemengen änneren

Kuckeswäertes änneren

  • D'Buerg vu Quierzy, déi am 15. Joerhonnert op der Festung vun de Bëscheef vun Noyon opgeriicht gi war, a vun där haut nach en Tuerm do steet.
  • D'kinneklech Residenz vun de Pippiniden a Karolenger, vun deenen et just nach Spuere vum Graf ginn.

Geschicht änneren

No 891 hunn d'Normannen sech an der Regioun niddergelooss. Quierzy a seng Ëmgéigend goufen dobäi komplett zerstéiert. Den Hugues Capet, dee léiwer an enger Stad residéiere wollt, huet d'Géigend vu Quierzy un de Bëschof vun Noyon ofgetrueden, deen do eng Festung baue gelooss huet.

Literatur änneren

  • Liber Pontificalis
  • Codice diplomatico longobardo
  • Ivan Gobry: Pépin le Bref
  • Georges Bordenove: Charlemagne

Kuckt och änneren