De Qadisiyah-Stauséi (Arabesch: بحيرة القادسية) ass de Stauséi vum Haditha-Barrage, nërdlech vun Haditha, am Irak.

Qadisiyah-Séi
De Séi, vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) aus gesinn.
Verwaltung
Land Irak
Geographie
Koordinaten 34° 18’ 32’’ N
      42° 14’ 20’’ E
Zweck Bewässerung
Stroumproduktioun
Héichwaasserreegelung
Déift (Maximum) 57 m
Hydrographie
Zoufloss Euphrat
Ausfloss Euphrat

E gëtt vum Euphrat gefiddert an huet eng 100 Kilometer Uwänner. D'Waasser gëtt geholl, fir d'Felder ronderëm ze bewässeren.

Den 3. Dezember 2006 ass e Sea Knight-Helikopter vum 3rd Marine Aircraft Wing vum United States Marine Corps deen do e Kommandoposten hat dragefall, véier vun de 16 Passagéier sinn dobäi erdronk[1].

Referenzen änneren

  1. http://www.popasmoke.com/kia/incidents.php?incident_id=318&conflict_id=