Puente de la Constitución de 1812

De Puente de la Constitución de 1812 (Bréck vun der Verfassung vun 1812), an der Ëmgangssprooch kuerz Puente de la Pepa genannt, ass eng Stroossebréck a Spuenien, déi d'Hallefinsel vu Cádiz op der Grenz vun der Bucht vu Cadiz an der Bucht vu Puntales mat Puerto Real um Festland verbënnt, an déi sou den Ëmwee iwwer San Fernando am Osten erspuert. Et ass déi zweet Bréck, no der Puente José León de Carranza, déi déi Funktioun huet.

Puente de la Constitución de 1812
Puente de la Pepa
Geographie
Land Spuenien
Plaz Cádiz
Puerto Real
Koordinaten 36°31'29"N, 6°15'25"W
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 3 × 2
Benotzt vun CA-35
Technesch Detailer
Totallängt 3.157 m
Haaptbréck
Typ Gemëscht Schréisselbréck
Längt 1.180 m
Greisst Iwwerspanung 540 m
Felder 5
Feldbreeten 120-200-540-200-120
Fräi Héicht 69 m
Seelpilier(en) 2
Piliershéicht Ostpilier: 183 m
Westpilier: 186 m
Bemierkungen
Bauhär Ministerio de Fomento
Bauzäit 2007 bis 2015

Mat enger Spanwäit vu 540 Meter ass et déi gréisst Schréiseelbréck a Spuenien an déi drëttgréisst an Europa (nom Pont de Normandie a Frankräich an der Rio-Andirrio-Bréck a Griichenland). Si ass och, mat 3.157 m (d'Rampebrécke mat agerechent), déi längst Bréck vu Spuenien. D'Haaptbréck selwer huet 1180 m. Et ass eng gemëscht Bréck (Dunnebréck + Schréiseelbréck + e Feld dat ausgebaut ka ginn) an ass op der héchster Plaz 69  m iwwer dem Waasser. D'Schréiseelbréck a gëtt vun zwéi rautefërmege Pilieren aus Stolbëtong gedroen. Een dovun steet am Mier, deen aneren 60 m eran um Land, um Industriequai vum Hafe vu Puerto Real. D'Dunnebrécken op den zwou Säite vun der Schréiseelbréck stinn op 30 Bëtongspilieren.

D'Autobunn op Cádiz (CA-35) geet, als Verlängerung vun der Autopista AP-4 iwwer dës Bréck. Den Numm erënnert un déi éischt spuenesch Verfassung, déi den 19. Mäerz 1812 vun de Cortes de Cádiz, der Assemblée constitutante, ausgeruff gouf. Dat war op Jousefsdag (op spuenesch entsprécht Pepe dem lëtzebuergesche Josy, dofir de Spëtznumm La Pepa).

Den Ingenieurbüro Carlos Fernández Casado, S.L. (CFCSL) huet se ënner der Leedung vum Javier Monterola geplangt.

Si gouf de 24. September 2015 vum Ministerpresident Mariano Rajoy an der Ministesch fir Verkéier an Ëffentlech Bauten, der Ana Pastor, ageweit.

Um Spaweck änneren

Commons: Puente de la Constitución de 1812 – Biller, Videoen oder Audiodateien