D'Pudicitia (vum lat.:pudor = Schimt) ass d'personifizéiert réimesch Gëttin vun der Schimmt an der Genichlechkeet. Hir Qualitéiten waren d'Idealbild dovu wéi d'réimesch Fraleit sech opzeféieren an ze behuelen hätten.

Zu Roum gouf den Ënnerscheed tëscht enger patrizescher (Pudicitia patricia) an enger plebejescher (Pudicitia plebeia) Gëttin gemaach. Allebéid haten hiren eegenen Tempel. De plebejeschen Tempel gouf allgemeng als méi reng ugesi well do nëmme monogam Fraen hunn däerfen afferen.

D'Pudicitia war e beléifte Motiv um Revers vu réimesche Mënzen. Meeschtens ass d'Gëttin als verschleiert Matrone duergestallt ginn déi op engem Troun setzt.

Analogien änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren