Providers

lëtzebuergesch Musekgrupp

D'Providers sinn eng lëtzebuergesch Coverband.

Providers Lécker Bal 2005

Geschicht änneren

Déi Band, déi haut als Providers bekannt ass, gouf am Mäerz 1998 vum Paul (Batterie), Guy (Gittar) a Jhemp (Bass Gittar) gegrënnt. Déi dräi haten zesummen an enger Black metal Grupp gespillt déi sech Silent Scream genannt hat, wéi se decidéiert hunn eng Coverband ze grënnen. Sou koumen da kuerz Zäit duerno de Christian (Keyboard) an den Alain (Gittar) zu der Coverband, déi sech deemools nach Voll Gebéit genannt huet. De Pascal (Gesang a Keyboard) an d'Martine (Gesang) hunn d'Grupp du komplettéiert. Den alleréischte Concert hu Voll Gebéit op engem Kolleeg (Christian Theis) senger Gebuertsdagsfeier zu Kielen gespillt.

Am September huet d'Grupp den Dave am Karaokeszelt op der Schueberfouer getraff an hien huet spontan zougesot fir sangen ze kommen. Hiren éischten ëffentleche Concert huet d'Coverband zu Réiser ginn.

Kuerz drop hu Voll Gebeit hiren Numm geännert; d'Providers ware gebuer. Am Oktober krute se ee grousse Bal proposéiert. Si haten d'Chance fir mat der bekannter lëtzebuergescher Coverband Life Style ze spillen.

Am Dezember 1998 huet de Steve de Soundtechniker ersat. D'Band huet ugefaangen ëmmer méi ze spillen. D'Jeannah, eng Frëndin vum Paul, war fir d'Geliits op de Baler zoustänneg. Am Februar 1999 huet d'Martine d'Band verlooss, well et mat der Schoul an dem Volleyball genuch ze dinn hat.

D'Marianne iwwerhëlt vun do un d'Roll als Sängerin. Mat him ass och de Marco (Trombonn) an de Marc (Trompett) komm. Am August 1999 ass de Christian vum François ersat ginn. Mat him ass dunn och de Raoul (Trompett) an d'Bléiserteam komm. Zanter dem 12. Februar 2000 hunn de Kim an de Claude, déi och als Disco-Team Snitt bekannt sinn, d'Lightshow gemaach. Am Summer 2000 ass dunn den James als neien Tountechniker an d'Equipe komm.

Den 28. Abrëll 2001 huet den Dave dunn och d'Grupp verlooss. Vun Abrëll bis Juli 2001 hunn d'Providers Castingen organiséiert fir eng nei Sängerin ze fannen: D'Marianne verléisst Lëtzebuerg nämlech fir op Edinburgh (Schottland) op d'Uni ze goen. Déi nei Sängerin heescht Carole a gehéiert zanter September 2001 zu der Coverband.

Net laang huet et gedauert bis den Tom dem François seng Aufgab iwwerholl huet.

 
Providers um Lécker Bal 2005

2003 hunn d'Providers, mat der organisatorescher Hëllef vum Nightlife-Site halwer7.lu, hiren 100. Bal gefeiert.

Eldoradio huet déi jonk Studente gefrot fir en Arrangement vu Video Killed The Radiostar ze schreiwen, deen se an de Waltzing-Parke Studios opgeholl hunn. Op dëser CD fënnt een 2 Lidder, Radiostar (Providers - Radiostar(Demo).rm) a Popular, wat vun hinne selwer geschriwwen ass. Mam Stéck Radiostar ware se 14 Woche laang an den Eldoradio Charts vertrueden an hunn d'Plaz 12 erreecht.

Enn 2003 steet en neie Keyboarder virun der Dier. Dem Carole säi Brudder, de Gilles schléit vun do un an d'Tasten.

The Show änneren

Am Mäerz 2005 fänkt bei de Providers eng nei Ära un. An zwar nenne si sech vun do un Providers - THE SHOW. Mat enger neier Bün, spektakulären Effeten, flotte Kostümer an engem neie Programm wëlle si en Akzent an der Lëtzebuerger Coverbandszene setzen. Fir dat neit Material ze bedéngen, kréien d'Providers eng ganz Rei nei Techniker. Den Tom an de Marc si vun do u fir d'Luuchten an d'Videoprojectiounen zoustänneg, de Marc aka BL këmmert sech ëm de Monitormixer.

Uganks 2006 kënnt d'Marianne, dat mëttlerweil mat sengem Studium a Schottland fäerdeg ass, erëm an ersetzt d'Carole, dat sech ganz ëm seng professionell Musekscarrière wëllt bekëmmeren.

D'Providers hu bis elo an hirer kuerzer Carrière mat groussen Nimm wéi Hermes House Band, Right Said Fred, Micki Krause, Peter Wackel, Loon, Die Gummibären, Alcazar, Mad'House a Kate Ryan zesumme gespillt.

 
Providers Lécker Bal 2005

Membere vun der Band änneren

  • Rodesch Julie, Vocals
  • Welter Pascal, Vocals
  • Patz Simone, Trombonn + Backing Vocals
  • Christophe Raoul, Trumpet + Backing Vocals
  • Goedert Tom, Keyboards
  • Sanavia Guy, Gittar
  • Kremer Alain, Gittar
  • Bertemes Jhemp, Bass Gittar
  • Thyes Paul, Drums

Techniker änneren

  • James, FOH
  • Bohnert Marc, Video, Luuten
 
Providers Lécker Bal 2005

Crew änneren

  • Meyers Jessy, Crewmember

Repertoire änneren

De Repertoire vun de Providers ass op hirer Websäit komplett ze fannen.

Um Spaweck änneren