Provënz Pinar del Río

Provënz Pinar del Río

Haaptstad: Pinar del Río
Fläch: 10.931 km²
Awunner: 721.900
Bevëlkerungsdicht: 66,1 Awunner pro km²

Pinar del Río ass déi drëttgréisst Provënz a läit am Weste vu Kuba. D'Haaptstad ass Pinar del Río.

Si grenzt am Osten un d'Provënz La Habana, am Norden un de Golf vu Mexiko an am Süden un d'Karibik.

Den Haaptprodukt vun der Provënz ass den Tubak, wou 80% vun der Tubakhierstellung aus ganz Kuba hierkënnt. Ausserdeem ginn hei nach Zitrusfriichten, Banannen a Räis ugebaut.

Hei fënnt een dee beschte Buedem an déi bekanntst Tabakubaugebidder zesumme mat landschaftlechen Attraktioune wéi d'Mogotes, eng Aart Kallekbierger am der Valle de Viñales an de Guanahacabibes-Nationalpark, en Unesco-Biosphärereservat.

Um Spaweck änneren

Commons: Pinar del Río – Biller, Videoen oder Audiodateien