Prost ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi zanter 2023 zweemol am Joer erauskënnt.[1] Den Ënnertitel ass De Lëtzebuerger Wäin. Seng Wënzer a seng Regioun.

De Fonds de solidarité viticole (FSV) ass Editeur; d'Agence Moskito këmmert sech ëm d'Schreiwen an de Layout.

Prost gëtt an 110.000 Exemplairen gratis en toute boîte verdeelt. Dozou gëtt et och e Podcast, wouvun all Mount en neie bäikënnt. Schonns 2018 bis 2022 hat den FSV eng Zäitschrëft publizéiert, déi den Numm Vinorama hat.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Land Nr.28 (70. Jg.), 16.07.2023, S.20.