Prosper Schroeder (Journalist)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Prosper Schroeder. Fir de Wëssenschaftler, kuckt wgl. Prosper Schroeder (Wëssenschaftler).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Prosper Schroeder, gebuer de 24.Dezember 1906 zu Diddeleng an och do gestuerwen den 1. Dezember 1976, war e lëtzebuergesche Journalist. Hie war Redakter beim Wort an huet vill iwwer déi europäesch Entwécklung geschriwwen. Besonnesch zur Zäit vum Opbau vun den europäeschen Institutiounen (vun 1952 un) huet hien alles wat zu Lëtzebuerg a Stroossbuerg lass war vun no suivéiert an am Wort a senge Kolonne kommentéiert. Beim Lëtzebuerger Ausseminister Joseph Bech ass hien an an aus gaangen a war vun him héich geuecht.

Bibliographie änneren

  • Schroeder, Prosper, 1972. Ein Leben im Dienste der Luxemburger Heimat. Luxemburger Wort Jg. 125, Nr. 39, S. 3. [Portrait vum Joseph Bech]