Prosper Müllendorff
De Jean-Pierre-Prosper Müllendorff, gebuer de 26. Juni 1854 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 28. Juni 1922 zu Köln, war e lëtzebuergesche Journalist, Historiker an Iwwersetzer.[1]
Prosper Müllendorff | |
---|---|
Gebuer |
26. Juni 1854 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
28. Juni 1922 Köln |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Journalist, Iwwersetzer, Fonctionnaire |
Vu Beruff war de Müllendorff eng Zäit Stenograph an der Chamber.
Bekannt ass de Prosper Müllendorf wéinst senger Iwwersetzung vum Henry Charles Lea sengem Wierk A History of the Inquisition in Spain, dat 1906/08 a véier Octavbänn am Original erauskoum, an enger, mat Erlabnes vum Lea, gekierzter, Iwwersetzung op Däitsch, déi an dräi Bänn am August 1911/12 zu Leipzig publizéiert gouf.
Déi Geschicht vun der spuenescher Inquisitioun ass nëmmen en Deel vum Lea senger Rëtsch vu Bicher iwwer d'Inquisitioun iwwerhaapt.
De Müllendorff huet eng Zäit als Redakter bei der Kölnische Zeitung geschafft.
Am Optrag vun der Kölnischen Zeitung huet hien 3 Afrikareese gemaach: 1898-1899 op d'Goldküst an den Togo a Kamerun, 1903-1904 an Däitsch-Südwestafrika an 1908 an Däitsch-Ostafrika. Iwwer Däitschland eraus huet hien, och wéinst senge ville Virtreeg, als ee vun de beschte Kenner vun den däitsche Kolonië gegollt. An engem Bericht iwwer ďSituatioun an Däitsch-Westafrika "von einem übertriebenen Menschlichkeitsgefühl eingegebene Prügelstrafordnung" weist hie Verständnis fir d'Sidler, déi fannen datt maximal 15 Schléi zur Bestrofung net genuch wieren. Dës Beschränkung géif en "auffälliges Nachlassen in der Zucht, ja ein oft höhnisches und freches Auftreten der Eingeborenen gegenüber den Europäern" provozéieren.[2]
Publikatiounen
änneren- Erlebnisse eines Americanisten in Halbafrika ; 1892
- Henry Ch. Lea, [Prosper Müllendorff (Iwwers.)]: Geschichte der spanischen Inquisition, Scientia Verlag (vergraff)
- Britisch Ostafrika; in Zeitschrift für Kolonialpolitik, Kolonialrecht und Kolonialwirtschaft, 13. Jahrgang (1911); Ss. 736-751.
- La réglementation du travail en Allemagne ; 1887
- Johann Albrecht, Herzog von Mecklenburg-Schwerin (...) ; 1908
- Ost-Afrika im Aufstieg ; 1910
- Das Grossherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I. ; 1921
- Luxemburg unter Wilhelm II. und Wilhelm III. ; 1944
Referenzen
änneren- ↑ De Jean-Pierre-Prosper Müllendorf am Luxemburger Autorenlexikon
- ↑ Schmitz Yves, 2024, "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht", Esch/Uelzecht, Miersch, Richtung 22, capybarabooks, S. 100-101.