Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Pronoian Made war eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi 1989 (offiziell 1988) als The Escape vum Museker Oliver Made gegrënnt gouf.[1] Am Joer 1995 gouf The Escape op Hegemonikon ëmbenannt, fir awer schonn 1996 nees eng Kéier den Numm ze changéieren a Pronoian Made.[2]

De Stil vu Pronoian Made war Gothic Rock, an dëst war déi éischt Gothic-Rock-Grupp zu Lëtzebuerg.[3] D'Band hat bësse Succès am Ausland.[3][4]

D'Membere waren den Oliver Made, den Neal Lisé an den Joe May.[2] De Made spillt zanter 2008 an der Band Luceed.

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 1995: Welcome in Pronoia
  • 2003: Cherubim

EPen änneren

  • 2001: EP 1613

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Ritter Melancholischer Töne". Lëtzebuerger Journal – Nr. 38, 23. Februar 2001
  2. 2,0 2,1 https://www.discogs.com/artist/162176-Pronoian-Made
  3. 3,0 3,1 Lex Thiel, "Gothic gibt es auch in Luxemburg". Woxx Magazine – Nr. 597 – 2001
  4. Yannick Blay, Follower Magazine – Nr. 11 – Oktober 2000.