De Projet Excelsior war eng Serie vu Fallschiermspréng aus Héichte vun zirka 20 an 30 Kilometer. D'Zil war fir en neiaartege Fallschiermsystem ze testen, deen och fir Noutausstigen a groussen Héichte gëeegent war. De Programm bestoung aus dräi Spréng vum Air-Force-Pilot Joseph Kittinger:

Dem Kittinger seng Gondel am National Museum of the United States Air Force

Zil vum Projet änneren

Den Noutausstig mat engem Fallschierm aus engem Düsejeeër a groussen Héichten an dee mat méifacher Schallvitess flitt, war problematesch an dacks liewensgeféierlech. De Projet Excelsior hat sech zum Zil gesat, e Fallschiermsystem z'entwerfen, datt och an 30 Kilometer Héicht a soumat an der Stratosphär ze benotze wier a fir ze beweisen, datt Fallschiermspréng och aus sou Héichte méiglech sinn.

Technesch Detailer änneren

Fir datt d'Kräften déi beim Noutausstig an 30 Kilometer Héicht op de Pilot wierken net ze grouss ginn, däerf hie laang Zäit säi fräie Fall net ofbremsen, also de Fallschierm net opmaachen. Wärend deem Zäitraum kann de Pilot liicht an d'Trëndele geroden an ëmmer méi séier ëm seng eegen Achs dréien. Bei 120 Ëmdréiunge pro Minutt gëtt ee bewosstlos, méi wéi 200 Ëmdréiunge pro Minutt sinn déidlech. Als Léisung gouf e System aus en ettleche Fallschiermer entwéckelt. Als Éischt géif sech e Bremsschierm automatesch opmaachen, deen de Sprénger stabiliséiere soll. Eréischt a ronn 5.000 Meter Héicht geet dann den Haaptfallschierm op. Dat ganzt Fallschiermsystem huet e Gewiicht vu 75 Kilogramm.

Den Opstig gouf mat engem mat Helium gefëllte Gasballon gemaach. Et gouf sech fir eng oppe Gondel entscheet, aus där de Pilot spréngt, amplaz vun enger zouener Kapsel. Well an 30 Kilometer d'Loft ganz dënn ass an et bis zu −70 °C kal ass, huet missen Drockgezei benotzt ginn.

Excelsior I änneren

Dem Joseph Kittinger säin éischten Testsprong sollt aus 23.300 Meter Héicht geschéien, well an där Héicht e Versoe vum Drockgezei nach net liewensgeféierlech ass. Zousätzlech hat de Kittinger virum Opstig renge Sauerstoff missen anotmen, fir datt de Stéckstoff a sengem Blutt, bei séierem Drockverloscht keng Gasbléisercher kéint produzéieren (Dekompressiounskrankheet).

No 18 Méint Preparatioun ass de Kittinger Mueres fréi de 16. November 1959 mam Ballon an d'Luucht geflunn. Well hien d'Fallschiermautomatik irrtëmlech ze fréi aktivéiert hat, gouf wärend dem Sprong de Bremsschierm ze fréi ausgeléist, soudatt sech dës net korrekt entfale konnten an de Kittinger hat ugefaangen, sech ëmmer méi séier ëm seng eegen Achs ze dréien, bis hie schlisslech bewosstlos gouf. Well säin Haaptfallschierm sech awer wéi virgesinn automatesch entfaalt huet koum hien nees mat Zäiten zou sech a konnt onverletzt landen.

Excelsior II änneren

Nodeem den éischten Test fir de Kittinger bal déidlech ausgaange war, gouf den 11. Dezember 1959 nach en Testsprong nees "nëmmen" aus 22.800 Meter gemaach. Dee Sprong war erfollegräich an hat mat 16.800 Meter en neie Rekord fir de längste fräie Fall opgestallt.[1]

Excelsior III änneren

 
Dem Kittinger säi Rekordsprong 1960

Mueres, de 16. August 1960 ass dunn deen aus iwwer 30 Kilometer Héicht geplangte Sprong gemaach ginn: De Kittinger ass mam Ballon bis op eng Héicht vun 31.333 Meter geflunn an ass dunn ofgesprongen. Hien hat fir dee Sprong – nieft sengem Fallschierm an dem Drockgezei – en Helm mat Funk a Kamera souwéi en Instrument fir Datenopzeechnung. De Kittinger ass véier Minutten a 36 Sekonne gefall, bis a ronn 5.500 Meter Héicht den Haaptfallschierm opgoung. No weider néng an eng hallef Minutten ass hie sécher gelant.

Ob hie bei deem Sprong d'Schallmauer duerchbrach hat, ass ëmstridden. An engem Artikel fir d'National Geographic Magazine am Dezember 1960 hat de Kittinger geschriwwen:

„Obwuel sech mäi Stabiliséierungsschierm bei 96.000 Fouss (= 29.261 Meter) opgemaach hat, acceleréieren ech fir weider 6.000 Fouss (= 1.829 m) an erreechen an der Spëtzt 614 Meilen an der Stonn (= 988 km/h), néng Zéngtel vun der Schallvitess fir meng Héicht.[2]

A verschiddene spéidere Publikatiounen ass allerdéngs vu 714 mph (= 1.149 km/h) oder dem Erreeche respektiv Iwwerschreide vun der Schallvitess rieds, sou och bis op d'mannst Juli 2006 am Kittinger senger offizieller USAF-Biographie a bis Januar 2007 op der Informatiounssäit vum Projet Excelsior. An anere Beiträg aus jéngster Zäit ginn dem Kittinger seng Donneeë vun 1960 confirméiert, andeems nees vun enger Vitess bis zu 614 Meile pro Stonn a vun enger Ugläichung un d'Schallvitess[1] informéiert gëtt oder hien durchbrécht bal d'Schallmauer, wou hie fir kuerz Zäit 988 km/h erreecht.[3] Och a senger aktueller USAF-Biographie ass d'Angab no Februar 2005 op 614 mph korrigéiert ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 U.S. Centennial of Flight Commission: Joseph Kittinger
  2. The Long, Loneley Leap, Joseph Kittinger, in: National Geographic. Dezember 1960, S. 856
  3. Hans Kettwig: Der Mann, der aus dem Himmel stürzte. In: GEO. Juli 2004, S. 54