Prix Anne-Beffort

(Virugeleet vu(n) Prix Anne Beffort)

De Prix Anne-Beffort ass e Präis deen zanter 2003 vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zougedeelt gëtt.

Fir dee Präis kommen a Fro: Vereenegungen ouni Gewënnzweck, Eenzelpersounen, Gruppen an Institutioune vum Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, déi sech mat engem Projet, enger Aktivitéit oder enger Initiativ fir de Respekt an d'Chancëgläichheet vun de Rechter vu Männer a Fraen asetzten.

De Präis, deen uganks mat 2.500 Euro, duerno mat 3.000 Euro[1] dotéiert ass, huet den Numm vun der Anne Beffort.

Laureaten[2] änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Remise du Prix Anne Beffort | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-09.
  2. Egalité entre femmes et hommes | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2022-12-07.